Taylor Swift schreift Pop-Geschicht

© CHANDAN KHANNA / AFP
Mat sengem neien Album "The Life of a Showgirl", deen dëse Freideg erauskënnt, iwwertrëfft d'Taylor Swift elo schonn all Erwaardungen.
12 nei Lidder wäerten um Taylor Swift sengem 12. Album drop sinn. Op Spotify ass d'LP scho bal 6 Millioune mol "presaved" ginn (fréier physesch Virbestellungen). Dat gouf et nach ni.
A virun deem laang a mat Spannung erwaarte Release mellt d'„Recording Industry Association of America“ (RIAA), dass d'Taylor Swift déi éischte Fra iwwerhaapt ass mat méi wéi 100 Milliounen zertifiéierten Albumverkeef. Well dofir och d'Venten an d'Streame vun de Lidder matzielen, spillt d'Sängerin elo an enger Liga mat de Beatles (183 Milliounen) a mam Elvis (146,5 Milliounen).
Den Hype ronderëm de Release gëtt op d'Spëtzt gedriwwe mat enger riseger Promo-Campagne. Limitéiert Vinyl-Placken, handsignéiert CDen, Posteren a limitéiert Sammler-Setten. Verschidde Produite waren no manner wéi enger Stonn schonn ausverkaaft. Kloer, dass do keen aneren Artist mathale kann. A wëll. Just 14 Neiverëffentlechunge vu renomméierte Kënschtler si fir e Freideg an den USA geplangt. Virun enger Woch waren et der nach 31. Weltwäit solle souguer méi wéi 70 Gruppen oder Museker d'Verëffentlechung vun hiren Albume verréckelt hu wéinst dem Taylor Swift.

© Matt Winkelmeyer / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D'Inzenéierung geet vu mysteriéise Billboard-Coden um Times Square zu New York iwwer glamouréis Spotify-Installatiounen, a mat engem reegelrechte Marathon duerch all bekannten Talkshowe wäert de Superstar an den nächsten Deeg a Wochen iwwerall "à la une" sinn - och hei zu Lëtzebuerg. De Kinepolis organiséiert eng grouss Release-Party. De ganze Weekend kënne sech déi Lëtzebuerger Swifties dës speziell Opféierung "Release Party of a Showgirl" ukucke goen. Hei gëtt ënnert anerem de Museksvideo vun engem vun den neie Lidder gewisen, an natierlech Bildmaterial vun hannert de Kulissen.
D'Taylor Swift - e Phenomen, dee seng Fans, an esouguer d'Wëssenschaft begeeschtert. Hei den Artikel dozou.