Um Mëttwoch den Owend ass am Beetebuerger Schlass d’Première vum Theaterstéck „De Rousegaart“, enger Produktioun vum Kaleidoskop Theater.

De Jean Paul Maes huet d'Stéck geschriwwen, d’Acteuren erausgesicht a mécht och d’Mise-en-scène. Et geet ëm e Rousegaart mat schéine Blummen a guddem Doft, enger Idylle, déi awer op eemol un d’Wackele geréit.

Do ginn et fir d’éischt emol zwee Personnagen, dat ass den Alain, gespillt vum Marc Olinger, an de Jacques, gespillt vum Al Ginter. Déi zwee treffe sech an den Alain mengt, hie géing de Jacques kennen, hie wier fréier e Manager gewiescht fir Schlagermusek. Et ass nämlech esou, dem Alain seng Fra, d’Josiane ganz gutt sange konnt, an an de 70er Joere gouf et zu Lëtzebuerg esou e Songcontest, dee sech Micro d’or genannt huet. Den Alain mengt seng Fra hätt do kinnte wannen an eng grouss Schlagercarrière maachen. Do ass awer ni eppes draus ginn, an den Alain géing elo gären, gutt 40 Joer méi spéit, mat Hëllef vum Jacques hir Schlagercarrière nees lancéieren. An da waarden di zwee dann eben zesummen am Alain sengem schéine Rousegaart op d’Josiane, gespillt vum Mady Durrer. Op eng Kéier schellt et an et kënnt ee ganz aneren. Si léieren dësen Intru kennen. En heescht Sergei, kënnt aus Russland a gëtt gespillt vum Raoul Albonetti ... A vun deen Aoment un ass näischt méi an deem Gaart sou wéi virdrun...

AUDIO: D'Vera Langers huet sech mam Jean-Paul Maes ënnerhalen.
RTL

E Mëttwoch den Owend um 20.00 Auer dass d’Première vum Stéck am Beetebuerger Schlass. Do gëtt et dann och nach eng Kéier en Donneschdeg den Owend an e Freideg den Owend gewisen. Och d’nächst Joer kann een d’Stéck „de Rousegaart“ nach kucke goen, an dat vum 15. bis den 18. Januar nees am Beetebuerger Schlass. Duerno ass d’Stéck Ufank Mäerz nach zu Ettelbréck am CAPE ze gesinn an och nach zu Steesel am Centre culturel.

Tickete kritt een um Site vu luxembourgticket.lu oder op der Telefonsnummer 47 08 95 1. Weider Infoe fënnt een och um Site www.kaleidoskop.lu