Zesumme mat der LUGA gouf den 13. September am Park Dräi Eechelen hannert dem MUDAM e Satellitte-Projet vum Lëtzebuerger Pavillon op der Architektur Biennale zu Venedeg gewisen. Eng Rei Toun-Installatiounen a Performance an der Natur sollten d’Leit dozou alueden, sech duerch d’Lauschtere méi genee mat hirem Ëmfeld ze beschäftegen.

Am ganze 5 Wierker konnt ee bei dësem Projet entdecken. Listening Along the Edge war den Titel vun deem Ganzen an deemno stoung virun allem den Toun am Vierdergrond. Dëse gouf primär vum Kënschtler Ludwig Berger entwéckelt. Hien huet och e Projet fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale gemaach, deen een och zum Deel hei héiere konnt.

„Wir haben sehr viele Klänge aufgenommen in Luxemburg, um die 240 Stunden Material gesammelt an den unterschiedlichsten Orten und wir haben untersucht, wie sich diese menschliche Infrastruktur verhält zu den natürlichen Klägen der Umgebung. Das wurde dann komponiert in ein Stück von 30 Minuten.“

Well et awer och e Projet vun der Architektur Biennale zu Venedeg, esou wéi der LUGA ass, stoung net nëmmen den Toun am Mëttelpunkt, mee och d’Plaz op där de Projet ofgehale gouf. Dat heescht de Park Dräi Eechele mam Fort Obergrünewald. Eng Performance vun der Kënschtlerin Mélia Roger huet sech deemno an an op der aler Festung ofgespillt. Mat Microen un hiren Hänn ass d’Kënschtlerin zu Fouss duerch déi al Festung getrëppelt an d’Leit, déi uewendriwwer op der Wiss souzen, krute just d’Geräischer vun hirem Wee mat.

„L’idée c’était de trouver une manière de parler d’architecture et des territoires un petit peu autrement“, erzielt eng vun de 4 Curatricen, Alice Loumeau.

Ausserdeem gouf et awer och en Deep-Listening-Atelier mam Tounkënschtler Ludwig Berger, selwer ze entdecken. De But vum Projet Listening Along the Edge war fir d’Leit erëm méi mat hirem Ëmfeld ze verbannen an déi alldeeglech Geräischer zu eppes méi besonneschem ze maachen.

De Projet Listening Along the Edge gouf just nëmmen eemol gewisen. Verschidden aner Projete vun der LUGA lafen awer nach bis den 18. Oktober an d’Architektur Biennale zu Venedeg ass nach bis den 23. November.