Zu Los Angeles waren e Sonndeg d'Emmy Awards, de wichtegsten Tëleespräis an den USA.

D’Serie "The Studio" vum Réalisateur an Acteur Seth Rogen huet eleng véiermol gewonnen, ënnert anerem an der Kategorie vun der beschter Komedie. D’Mini-Serie "Adolescence" krut souguer sechs Emmys. Ënnert anerem den eréischt 15 Joer jonken Acteur Owen Cooper als beschten Niewenduersteller an enger Mini-Serie. Hien ass de jéngsten Emmy-Gewënner zanter iwwer 40 Joer. An der Serie, déi verstäerkt misogyn Weltbiller ënner Jugendleche behandelt, spillt den Owen Cooper e Jong vun 13 Joer, deen eng Matschülerin ermort huet.

Besonneschen Applaus krut iwwerdeems d'Auszeechnung vun der Late-Night-Show "The Late Show" vum Stephen Colbert. D'Sendung gouf jo vun der Chaîne CBS ofgesat, dat nodeems de Colbert eng Bezuelung vu 16 Milliounen US-Dollar vun der CBS-Mammenentreprise Paramount un den US-President Trump als "Bestiechung" bezeechent hat.

D'Gewënner aus e puer vun de Kategorien am Iwwerbléck

Bescht Drama-Serie: The Pitt
Bescht Komedie-Serie: The Studio
Bescht Mini-Serie: Adolescence
Bescht Schauspillerin an enger Drama-Serie: Britt Lower (Severance)
Beschte Schauspiller an enger Drama-Serie: Noah Wyle (The Pitt)
Bescht Schauspillerin an enger Komedie-Serie: Jean Smart (Hacks)
Beschte Schauspiller an enger Komedie-Serie: Seth Rogen(The Studio)
Bescht Schauspillerin an enger Mini-Serie: Cristin Milioti (The Penguin)
Beschte Schauspiller an enger Mini-Serie: Stephen Graham (Adolescence)
Bescht Niewenduerstellerin an enger Drama-Serie: Katherine LaNasa (The Pitt)
Beschten Niewenduersteller an enger Drama-Serie: Tramell Tillman (Severance)
Bescht Niewenduerstellerin an enger Komedie-Serie: Hannah Einbinder (Hacks)
Beschten Niewenduersteller an enger Komedie-Serie: Jeff Hiller (Somebody Somewehere)
Bescht Niewenduerstellerin an enger Mini-Serie: Erin Doherty (Adolescence)
Beschten Niewenduersteller an enger Mini-Serie: Owen Cooper (Adolescence)