Kultur:lx - Museker am Ausland promouvéieren

Lëtzebuerger Museker bei hirer Karriär am Ausland ënnerstëtzen a promouvéieren. Dat ass ee vun den Haaptvolete vun Kultur:lx.
30 Joer Atelier, 20 Joer Rockhal oder och nach 20 Joer Philharmonie. Dëst Joer ass dat vun de ronne Gebuertsdeeg vun enger Partie vun de gréisste Museksvenuen am Grand-Duché. An deem Kader presentéiere mir Iech dës Woch eng Serie an där d'Claudia Kollwelter mat ënnerschiddlechen Acteuren aus der Musekszeen zu Lëtzebuerg geschwat huet. Wéi huet sech d'Industrie hei am Land entwéckelt, wat sinn déi gréisste Changementer a wat déi grouss Challenge vun der Zukunft?
Am 1. Deel vun der Serie läit de Fokus op der Aarbecht vu Kultur:lx
Lëtzebuerger Museker bei hirer Karriär am Ausland ënnerstëtzen a promouvéieren. Dat ass ee vun den Haaptvolete vu Kultur:lx, eng Struktur, déi ënnert dem Kulturministère geréiert gëtt. Den Oliver Möller betount, datt de Fokus op d'Ausland geluecht gëtt, well de lokale musikalesche Marché nu mol kleng ass. Hie mécht de Verglach mat Däitschland, wou et vill méi einfach ass, just am Land selwer ze touren oder Musek erauszebréngen:
Eng vu mengen Liiblingsbanden zum Beispill "AnnenMayKantereit", déi spillen nächst Joer 18 Concerten an Däitschland, zu Lëtzebuerg wär et e bëssche schwiereg, 18 Concerte fir 600.000 Awunner ënnerzebréngen.
D'Kënschtler a Kënschtlerinne musse sech virop mol en Numm hei am Land maachen a kënnen da vun der Hëllef vu Kultur:lx profitéieren, wéi d'Clémence Creff erkläert:
"Ça veut dire être en contact avec, notamment, les structures de diffusion présentes sur le territoire. Donc, que les artistes aient déjà une activité de concert développée sur le territoire, qu'ils soient connus des programmateurs, d'autres musiciens, d'agences de booking, de labels existants sur le territoire. Certes, dans un plus petit nombre, mais en tout cas, voilà: avoir une reconnaissance de la scène au niveau un peu national."
D'Demanden, fir Aidë vun Kultur:lx ze kréien, wieren an de leschte Joren definitiv an d'Luucht gaangen:
"Pas mal d'artistes ont développé une activité de tournée assez conséquente depuis le début, depuis qu’ils ont commencé à recevoir des financements de CultureLX. Mais pas seulement: c'est aussi lié au fait que les carrières se développent, qu'ils développent leur identification sur d'autres territoires. Donc je pense que oui, effectivement, on voit en tout cas que l'activité de tournée s’est beaucoup développée au fil des années."
Wat iwwerhëlt Kultur:lx da bei enger Tournée? Den Oliver Möller:
"Also, mir kënne Reeskäschten iwwerhuelen, Käschte vum Hotel, da gëtt et per diem, also fir all Dag iessen ze goen. Grondviraussetzung ass awer, dass eng Gage bezuelt gëtt. Dat heescht, wéi de Promoteur oder d'Venue oder de Festival dem Artist eng Gage bezilt. Soss mécht et fir eis kee Sënn, de Projet ze ënnerstëtzen."
Ma dat grousst Aushängeschëld vu Kultur:lx ass de "Global Project Grand", deen ee mol d'Joer un zwee Artiste vergi gëtt a mat 30.000 Euro dotéiert ass:
"L'idée est de financer le projet d'un artiste — un projet, disons, assez ambitieux et de grande envergure — qui lui permet d’atteindre la prochaine étape de sa carrière. Il peut alors intervenir à la fois sur des frais liés à la promotion du projet, mais aussi sur ceux liés à sa diffusion, aux tournées, et bien sûr à tout ce qui concerne le développement de carrière. C'est quelque chose de plus global, qui permet à l'artiste d'avoir une stratégie à long terme, sur un an."
D'Aidë vu Kultur:lx wieren ze gesi wéi eng Kontributioun, fir d'Visibilitéit vun de kënschtleresche Projeten am Ausland ze ënnerstëtzen, sou nach d'Clémence Creff.