"An Zäite wou et net onbedéngt einfach ass an der Musek Gelder ze generéieren, ass d'Sacem eng Source, fir eppes méi ze verdéngen" sot den Direkter vun der Sacem, de Marc Nickts um RTL Mikro am Kader vun eiser Serie dës Woch iwwert d'Museksindustrie zu Lëtzebuerg. Streaming-Plattformen an och d'artifiziell Intelligenz maachen d'Aarbecht a virun allem d'Revenue vun de Kënschtler alles ausser evident.

30 Joer Atelier, 20 Joer Rockhal oder och nach 20 Joer Philharmonie. Dëst Joer ass dat vun de ronne Gebuertsdeeg vun enger Partie vun de gréisste Museksvenuen am Grand-Duché. An deem Kader presentéiere mir Iech dës Woch eng Serie an där d'Claudia Kollwelter mat ënnerschiddlechen Acteuren aus der Musekszeen zu Lëtzebuerg geschwat huet. Wéi huet sech d'Industrie hei am Land entwéckelt, wat sinn déi gréisste Changementer a wat déi grouss Challenge vun der Zukunft? 

Serie Lëtzebuerger Musekszeen Deel 3 / Claudia Kollwelter

Am 3. Deel vun der Serie läit de Fokus op Streaming-Plattformen a KI

Wärend ee virun 30 Joer nach praktesch huet missen e Label hu fir Musek ze publizéieren ass et mat den zeg Streaming-Plattformen, déi et hautdesdaags ginn, praktesch fir jidderee méiglech Musek ze verëffentlechen. Fir dann awer den nächste Schratt ze maachen an et haaptberufflech ze maache wier iwwerall schwiereg, an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg natierlech nach méi, gëtt den Oliver Möller vu Kultur:lx zou:

Déi meeschte Sue verdénge sech d'Artiste mat Touren. A well dat zu Lëtzebuerg eben net sou einfach ass, well eng Tournée vu Klierf op Esch numol begrenzt Capacitéite bitt, mécht dat ganzt eben och bësse schwiereg.

D'Streaming-Plattformen hu séier extrem zougeholl, wat awer net forcement an d'Kaarte vun den Artiste spillt:

Grondsätzlech wier et e gudde Schrëtt, dass Musek och deementspriechend entlount wier vun digitale Plattforme wéi Spotify. Déi leschten Ännerungen, déi gemaach goufen, kommen natierlech absolut net deenen Artisten ze gutt, déi nach net de groussen Duerchbroch gepackt hunn.

D'Aboe bei Spotify goufen zum Beispill rezent erhéicht. Fir de Marc Nickts vun der Sacem ass de Problem awer deen, datt op sou Plattformen den Accès zimmlech einfach ass, wat awer mat sech bréngt, datt extrem vill Contenue erop geluede gëtt, mee am Nachhinein d'droit d'auteuren net héich sinn:

Fir 1.000 Streams generéiere se an enger Moyenne plus minus 8 Euro. Wanns de dat dann opdeels op nach verschidde Rechteinhaber, da mierks de schnell eeben, datt do d'Valeur vun de Streams an deem ganze Segment net enorm héich ass. An dat mécht et dann natierlech fir Niche-Repertoire oder e klenge Repertoire, deen net an all Playlist present ass, schwéier fir héich Revenuen do ze generéieren.

D'bëlleg Tariffer fir Contenue wieren eng kloer Devalorisatioun fir alles wat déi kreativ schaffend Leit maachen an do wier en Ëmdenken onbedéngt néideg. Dem Marc Nickts no wier awer nach ëmmer eng Volontéit do fir ze bezuelen, fir eppes wat kreéiert gouf:

Ech mengen dat gesäit een e bësselchen an de physesche Produkter. Et gouf ëmmer gesot, d'CD ass dout, de Vinyl ass dout, d'Kassett ass dout, se sinn awer nach ëmmer do, well dat oft dee Moyen ass fir ze soen, ech ënnerstëtze gären deen Artist an ech wëll en op dee Wee mat a senger Karriär ënnerstëtzen. An do huet een nach ëmmer eng Hellewull vu Vinylen déi erauskoumen, d'CDe koumen eraus, mëttlerweil koumen elo erëm Kassetten eraus an aner Supporten, wou dann eeben de Konsument bereet ass, Geld auszeginn. An ech denken, wann een do fair Modeller huet a wann dat sech ëmmer méi dann och an déi Richtung entwéckelt, kritt een do och Ressourcen, déi Sënn erginn.

En aneren wichtegen Volet wier dee vun der Kënschtlecher Intelligenz. Den Direkter vun der Sacem betount, datt et do gëllt opzepassen, datt an Zukunft kee Contenu benotzt oder geschaaft gëtt ouni Autorisatiounen an net méi an hirer Gestioun ass. Doduerch géifen d'Remuneratioune fir mënschlech Kreatioune riskéieren, erofgedréckt ze ginn. Stéchwuert Concurrence deloyale. Dat wier sécherlech en Challenge deen ee misst ugoen a wou elo scho vill Initiative géife lafen.