De Prix de la sculpture vun der Galerie Schlassgoart zesumme mam CAL an der Gemeng Esch geet dëst Joer un de Kënschtler-Duo Martine Feipel a Jean Bechameil.

Mat enger Skulptur aus Aluminium a Form vun engem Fouss konnten d’Artisten de Jury iwwerzeegen. An enger grousser Expo an der Galerie Schlassgoart weisen déi zwee Artisten elo e Brochdeel vun hire plasteschen Aarbechten aus de leschten zwee Joerzéngten.

Zanter 18 Joer schaffen d’Martine Feipel an de Jean Bechameil zesummen u Skulpturen. Als Duo enteéckele se hir Iddien a schaffe bis zum fäerdege Wierk ëmmer zu zwee. Esou hunn se deemno och d’Gewënnerskulptur vum Prix de la sculpture 2025 entworf. Aus enger Iddi gouf eng kleng Maquette an dunn ass dat Ganzt un eng Fonderie geschéckt ginn, fir d’Skulptur am grousse géissen ze loossen. Et ass awer net alles an enger Kéier gegoss ginn, mee a verschiddenen Eenzeldeeler, déi duerno zesummegesat goufen.

Schonn zënter enger Zäit interesséieren d’Kënschtler sech fir den Aluminium, ma et gesäit een an hirer neier Ausstellung awer och, wat si soss nach fir Aarbechte produzéieren. Keramik ass een anert Material, wat een ëmmer erëm gesäit. Un de Mauere vun der Galerie hänke kleng, faarweg Keramikskulpturen, déi gläichzäiteg als Konschtobjet, ma awer och als Vullenhaischen déngen. Esou bréngen d’Martine Feipel an de Jean Bechameil d’Natur, Déieren an de Mënsch beieneen. Dëst ass en Thema, dat si vill beschäftegt a wat se och an hirer Gewënnerskulptur versicht hunn ze representéieren.
D’Expo an der Galerie Schlassgoart zu Esch kann ee nach bis den 11. Oktober kucke goen.