Et gëtt keen doutgespuert, am Géigendeel, sou d'Maggy Nagel

Alles gëtt gekuckt, alles gëtt analyséiert, dat nächst Joer awer kritt kee Geld ewechgeholl. Dat ass d'Reaktioun vun der Kulturministesch Maggy Nagel op déi vill Kritiken, déi an der Lescht aus dem Kultursecteur komm sinn.
Mir verschafen eis en Iwwerbléck a mir komme gutt weider an et gëtt keen doutgespuert, am Géigendeel.
Dat ass der Kulturministesch Maggy Nagel hir Äntwert op déi vill Kritiken, déi an der Lescht aus dem Kultursecteur komm sinn. Fir Opreegung hate jo an deem Milieu d'Questionnaire gesuergt, op déi d'Instituter äntwere sollten.
Si haten eng Deadline gesat kritt, d'Instituter, a si hunn hir Äntwerten an de Ministère geschéckt, wou se elo fläisseg analyséiert a verschafft giffe ginn. D'Questionnaire wieren elo ausgewäert. Et hätt een Tableauen opgestallt. D'Konventioune ginn elo Punkt fir Punkt duerchdiskutéiert. Dës Woch missten zwee Drëttel behandelt ginn. Enn Januar wier een da ganz doduerch.
Wou et Problemer gëtt, ginn d'Leit dann an de Ministère geruff, fir dat am direkte Gespréich ze diskutéieren. Am Neie Joer soll dann alles kloer sinn. Am Februar géif all Mënsch wëssen, wéi et déi nächst Jore bis 2018 geet.
D'Maggy Nagel insistéiert awer, an de Conventiounen sollt net prioritär gespuert ginn. Et misst einfach eng Linn drakommen. Déi Suen, déi do sinn, ginn dann op déi eenzel Konventioune verdeelt. D'Ministesch hätt gemierkt, datt bis ewell Null Transparenz an der ganzer Subventiounspolitik dra war.
Wat elo d'Kritik vum Guy Rewenig op eiser Antenn ubelaangt, dee sot déi nei Ministesch wier kulturell net bewandert, do sot d'Maggy Nagel, de Guy Rewenig kéint gär emol an de Ministère kommen an d'Problemer, déi et gëtt, mat hir perséinlech duerchdiskutéieren.