D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

Dës Woch am Passepartout, d'Kënschtlerinne Jeannine Unsen an Darja Linder, déi sech an hiren Ausstellungen, jiddwereen op seng ganz perséinlech Manéier, mam Frasinn auserneesetzen.

Mir hunn eis zu Frankfurt ënnert d'Aussteller an de Public vun der Frankfurter Buchmesse gemëscht a mir kucken op déi zwou nei Theaterkreatiounen "Die Panne" an "Les murs parlent".

Am 4. Episod vum "Presto" geet et ënnert anerem ëm déi vill Reinterpretatioune vun der Mona Lisa. All d'Episode vu "Presto" fannt Dir op RTL Play.

"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!