Nei Wierker vun de Kënschtlerinne Jeannine Unsen an Darja Linder.

An den zwou Ausstellungen, déi et den Ament zu Diddeleng ze entdecke gëtt, sti Fraen am Mëttelpunkt.

Am Centre d'art Nei Liicht presentéiert déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Jeannine Unsen hir Ausstellung mam Titel "Mustache Gracias", iwwer de weibleche Kierper wärend der Iwwergangsphas zu der Menopause.

Just e puer honnert Meter weider, an der Galerie Dominique Lang, kritt een der Saarbrécker Kënschtlerin Darja Linder hir Expo "Mute" gewisen. Dës beschäftegt sech mat der Kënschtlerin hire perséinlechen Erfarungen als russesch Immigrantin a Mamm.

Béid Ausstellunge kann een nach bis den 9. November entdecken.