Frankfurter Buchmesse 2025
Fir d'77. Kéier stoung d'Mainmetropol ganz am Zeeche vun der Literatur
Frankfurter Buchmesse
Fir d'77. Kéier stoung d'Mainmetropol ganz am Zeeche vun der Literatur
Méi wéi 4.350 Aussteller haten hir Bicher, Produiten a Servicer op der Frankfurter Buchmesse presentéiert.
D'lescht Woch war déi 77. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse. Ronn 4.300 Stänn hunn och dëst Joer nees vill Visiteuren aus der ganzer Welt empfaangen.
Eleng eng 118.000 Visiteure waren aus beruffleche Grënn op der Plaz, sief et fir hir Bicher virzestellen oder iwwer Rechter ze verhandelen.
Dee grousse Public hat dëst Joer dräi Deeg laang Zäit, fir duerch d'Halen ze trëppelen a sech d'Buch-Neiheeten unzekucken, déi aus 125 Länner de Wee op Frankfurt fonnt haten.
Am meeschte gelies