Déifferdeng23 "Stolpersteine" fir d'Erënnerung

Déi Pavésteng sollen un d'Affer vum Zweete Weltkrich erënneren. Et soll ee quasi duerch si iwwert oder an eng däischtert Kapitel vun der Geschicht trëllen.

© Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie goufen zu Déifferdeng 23 sougenannt "Stolpersteine" vum däitschen Artist Gunter Demnig poséiert, dat an Erënnerung un déi jiddesch Matbierger a Minoritéite wéi d'Roma, déi während dem Zweete Weltkrich deportéiert an ëmbruecht goufen. Mat de Steng soll awer net nëmmen d'Erënnerung um Liewe gehal, mä och d'Vergaangenheet opgeschafft ginn.

"Stolpersteine": Rep. Annick Goerens



Hei huet gewunnt Golda Bornstein, gebuer Furleiser, Joergang 1896, deportéiert 1941 op Litzmannstadt, ëmbruecht am Mee 1942 zu Chelmno.

Dat sinn d'Informatiounen, déi een op engem "Stolperstein" zu Déifferdeng liese kann. Dës gi virun déi Haiser geluecht, an deene jiddesch Bierger virun iwwer 75 Joer nach gelieft hunn. De Michel Braquet huet dëse Projet 2013 initiéiert, wéi hien nach am Gemengerot zu Déifferdeng aktiv wor. Ettelbréck an Esch haten deen Ament och schonn esou Initiative geholl. Duerch d'Aarbecht vum Dr. Denis Scuto huet de Michel Braquet erausfonnt, datt 11 Leit vun Déifferdeng deportéiert gi waren. Dat hätt missen opgeschafft ginn, well et emol kee Monument gouf.

Doropshin huet hien zesumme mam Historiker Cédric Faltz iwwer ee Joer laang recherchéiert, fir Zäit vum Nationalsozialismus och gemengen-intern opzeschaffen.



Fir déi jiddesch Communautéit wär virun allem d'Opschaffen a Präsenz vun engem Historiker enorm wichteg, erkläert den Henri Juda, President vun der Associatioun Memo Shoah.

D'Iddi vun den "Stolpersteine" kënnt iwwregens vum Berliner Kënschtler Günter Demnig, deen nieft Déifferdeng, Esch-Uelzecht an Ettelbréck, schonn iwwer 40.000 där Gedenk-Steng uechtert Europa geluecht huet.

FOTOGALERIE: Stolpersteng och zu Bieles. Andréck vum Val Wagner.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.