20 Joer Weltstaren um Belval
260.000 Leit komme pro Joer an d'Rockhal. An all deene Jore stoungen an deenen 3 Säll national Kënschtler, awer och international Weltstaren op der Bün.
Enn den 90er huet et geheescht, dass Lëtzebuerg eppes wéi eng Rockhal bräicht. Éischt Visitten hätt een um Site Belval an der Gebléishal gemaach, op eemol huet et geheescht, et géif en neit Gebai gebaut ginn. E Gebai mat Concerts- a Proufsäll a Studioen. Um Enn ass dunn tatsächlech e grousse Komplex gebaut ginn, eng Plaz, wou elo honnerte Concerten organiséiert gi sinn, Rekordjoer ass 2025 mat ronn 260 Showe.
Am Mee 2005 ass den Olivier Toth bei d’Rockhal komm. D’Rockhal war deemools nach net op, hat awer schonn hiren zweeten Direkter. De geléierten Affekot ass selwer Museker an hat sech hei am Land mat senger Band "Low Density" en Numm gemaach. Den 23. September 2005 ass d’Rockhal offiziell opgaangen - Prodigy stoungen op der Bün, den Dag dono war et KoЯn - eng New-Metal Band aus de States. Bannent puer Deeg waren d’Tickete fir d’Shows deemools all verkaf, den Drock virum éischte Concert an der Rockhal war grouss. Et war net nëmme vill Opreegung, well alles an der Hal selwer huet misste klappen, mee och de Verkéier um Site Belval huet ee misste geréieren. Dem Olivier Toth no, wier de Lëtzebuerger awer relativ séier immens oppe gewiescht, fir an d‘Rockhal ze kommen, d‘Noperen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland unzezéien, war uganks awer net sou evident.
260.000 Leit komme pro Joer an d’Rockhal. An all deene Jore stoungen an deenen 3 Säll national Kënschtler, awer och Weltstaren op der Bün. Puer vun dëse Stare waren: Sting, David Guetta, Hans Zimmer, Pink, Amy McDonald, Shakira, Passenger, Rammstein, Depeche Mode oder Kylie Minogue.
Den Olivier Toth erënnert sech do gär un de Concert vum Prince, deen einfach net wollt mat senger Prouf ophalen, d‘Leit hätt een awer an de Sall missten eraloossen. Iergendwann hätt de Prince dunn einfach gesot ,,Let them in‘‘ an déi éischt Gäscht konnten nach e Prince beim Soundcheck erliewen. D‘Mariah Carey war och op Besuch, war awer mat iwwert 2 Stonne Verspéidung an der Rockhal ukomm, den Dag iwwer war Si op London shoppen an hat vergiess, datt Lëtzebuerg eng aner Zäitzone ass. Sou op alle Fall déi offiziell Erklärung.
Ee vun de manner schéinen Amenter gouf et den 3. Mee 2008. En Optrëtt vun de Backstreet Boys huet misste kuerzfristeg annuléiert ginn, den Dag selwer, wéinst engem Brand. Och d’Attentater vu Paräis, am November 2015 waren e Schockmoment. Eng weider schwéier Zäit war d’Pandemie. D’Rockhal war do e sougenannte Centre de Soins avancés, wou Patiente mat Verdacht op Covid-19 behandelt a getest gi sinn. Et war een also net operativ, ma et huet een u Pläng geschafft, fir de Club an de grousse Sall vun der Rockhal auszebauen. Am Club ass dofir och schonn e Balcon bäikomm, am grousse Sall soll an den nächsten 2 Joer nach e Balcon bäikommen. Hei sollen dann och fest Sëtzplaze virgesi sinn. Den Ament, wéi dunn erëm méi Leit konnte beienee kommen, war et en éischte Concert vum Serge Tonnar, mat 1.000 Leit.
De Centre de Musique Amplifié ass en Etablissement Publique an dëse bedreift zwee Voleten. Dat ass zum engen d’Rockhal, also de ganze Live-Entertainment Beräich. Den aneren Deel ass de Rocklab, dee Beräich wou ee Lëtzebuerger Kënschtler a Bands bei allméiglechem ënnerstëtzt, fir virun ze kommen. Dozou gehéiert awer och déi ganz Kléng ze motivéieren, fir eventuell emol en Instrument ze léieren a sech fir d’Musek ze begeeschteren. An dem Kontext huet d‘Rockhal an deenen 20 Joer och eng Partie Events organiséiert, dorënner 15 Editioune vum Screaming Fields Festival, e Festival fir Schülerbands.
6 Proufsäll an e Studio ginn et ënnert anerem an der Rockal. Net ze vergiessen, och déi sëllege RockLab-Sessions. Hei gi Bands a Solo-Kënschtler vun der Rockhal betreit, kréien d’Méiglechkeete Concerten an der Rockhal ze hunn, hier Optrëtter ginn dokumentéiert an als Artist huet ee souzesoen e Partner u senger Säit.
Sou huet een och vill national Kënschtler an de leschte Joren ënnerstëtzt an dat passéiert och an Zukunft. Den Ausbau vum grousse Sall an de nächsten zwee Joer a weiderhi grouss Nimm unzezéien, dat ass dem Olivier Toth seng Missioun.