Eng Welt tëscht Surrealismus a Wierklechkeet
A “Requiem for a Clown” erzielt de Regisseur Antoine Colla d'Geschicht vum Elle, enger Persoun, déi an hirer Kandheet verflucht ginn ass. Ma domat si um Liewe bleift muss si all 15 Minutten Zockerwatt iessen. De Regisseur schaaft eng Welt tëscht Zirkus-Elementer a Wierklechkeet, an där den emotionale Vide eng zentral Thematik anhëlt.
Et entsteet also en Dialog tëscht dem Elle an dem Klon, dee si probéiert zréck ze fannen. Verkierpert gëtt de Klon vum Io Le Moller. Si huet d’Musek fir d’Stéck komponéiert an notzt dës och als Mëttel fir sech auszedrécken.
Et ass e stännege Wiessel tëscht dem Elle hirer Kandheet an hirem erwuessenen Ech. D’Bünebild erënnert un e Kannerzëmmer mat verschiddene Spillsaachen, déi d’Protagonistin ëmmer rëm an d’Vergaangenheet zéien.
Requiem for a Clown konfrontéiert de Spectateur mat Theemen, déi ee vläicht selwer schonn am Parcours vu sengem Liewe begéint huet. Et weist de Wee vun engem Klon zréck a säi Kierper.
Vum 25. September bis den 3. Oktober kann ee Requiem for a Clown am Theatre du Centaure kucke goen.