Déi italieenesch Schauspillerin Claudia Cardinale ass dout

D'Claudia Cardinale am Joer 2015. / © AFP/Archives/GUILLAUME SOUVANT
Si war eng vun de klassesche Filmdiven vum italieenesche Kino - elo ass d'Claudia Cardinale am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
Der Schauspillerin hiert Management huet hiren Doud confirméiert. Ugefaangen huet si hir Karriär Enn vun de 50er Joren a Schéinheetscompetitiounen, ma séier huet si hire Wee bei de Film fonnt.
No enger éischter Roll am Film Goha (1958) ass si séier zu enge vun de bekanntste Schauspillerinnen an Italien ginn, dat ënnert anerem un der Säit vum Alain Delon am Film "Rocco and his brothers" (1960) oder och nach am Frederico Fellini sengem "8 1/2" (1963). Am nämmlechte Joer ass si zesumme mam David Niven am "The Pink Panther" opgetrueden. 1968 hat si dann och eng Roll am Western "Once Upon a Time in the West".
D'Claudia Cardinale huet sech awer och fir Fraerechter agesat a war UNESCO-Ambassadrice.

D'Claudia Cardinale (lénks) mat der Schaupillerin Ursula Andress (1975). / © AFP/stf