Iwwer 30 Kënschtler aus dem Grand-Duché fir den "Encore"-Gebuertsdagsconcert op der Bün
E Mëttwoch gëtt de Gebuertsdag vun der Rockhal gefeiert, dat mat engem ganz spezielle Concert.
"Encore" heescht dësen Event, op deem iwwer 30 Artisten aus dem Grand-Duché wäerten optrieden. Fir dëse Concert vun iwwer zwou Stonne gouf déi lescht Woche vill geprouft.
"Encore" heescht souvill wéi Zugab an ass den Titel vum 20. Gebuertsdagsconcert vun der Rockhal. De Sérgio Manique gouf vun der Rockhal gefrot, fir d‘Koordinatioun vun der sougenannter "House Band" iwwerhuelen. Dës Band, dat sinn eng 18 Museker a Musekerinnen aus dem Grand-Duché, déi e Mëttwoch den Owend an der Rockhal op der Bün wäerte stoen. An de leschte Woche gouf vill geprouft fir déi verschidde Stécker vun all den Artisten drop ze hunn. Heiansdo waren dat Proufdeeg vun iwwert 9 Stonnen. Si begleede Lëtzebuerger Bands a Solo-Kënschtler, dorënner Tuys, de Läb, Serge Tonnar, Laura Thorn, Angel at My Table oder Seed to Tree.
Och den Edsun ass mat dobäi, de Museker huet selwer en Optrëtt mat der Band, gouf awer vun der Rockhal och engagéiert, fir de Coaching vun de Bandmemberen ze maachen. Hie kuckt also, datt si net einfach do stinn, mee sech passend zu de Lidder och richteg beweegen. Zwou an eng hallef Stonn dauert d‘Show um Enn. Um Sold-Out-Concert dierf ee sech op e Mix aus Duetter, Soloen a Sounds freeën, déi déi lescht 20 Joer vun der Rockhal gepräägt hunn.