"Am Moment ginn d'Preparatioune wéi geplangt virun"

Boykottmenacë beim ESC: RTL Lëtzebuerg behält d'Situatioun am A a suivéiert och de Konsultatiounsprozess an der EBU, schléisst sech den Ament awer kenge Boykottfuerderungen un. / © AFP
Wéinst der Situatioun an der Gazasträif fuerderen eng Rëtsch Stëmmen en Ausschloss vun Israel vum Contest. RTL Lëtzebuerg verweist op de Konsultatiounsprozess beim Organisateur.
De Krich an der Gazasträif beschränkt sech scho laang net méi op den Noen Osten. D'Situatioun vun der palästinensescher Zivilbevëlkerung an d'Virgoe vun der israeelescher Arméi gëtt an ëmmer méi Beräicher thematiséiert a kritiséiert: Fir géint d'Presenz vun enger israeelescher Vëlosekipp an der Vuelta ze protestéieren, goufen eng Partie Etappen därmoosse gestéiert, datt eenzeler esouguer hu misse gekierzt ginn. Och an der Kulturzeen ginn ëmmer méi haart Boykotter géint Kënschtler aus Israel gefuerdert, an der Lescht och zu Lëtzebuerg géint den israeeleschen Dirigent Lahav Shanivu un der Spëtzt vun de Münchener Philharmoniker a vum Israeelesche Philharmoneschen Orchester an der Philharmonie.
Den ESC an d'Palästina-Fro
Och de Eurovision Song Contest, kuerz ESC, ass zanter zwee Joer mat der Palästina-Fro konfrontéiert: Am schweedesche Malmö gouf et 2024 grouss Protester géint Israel, am schwäizeresche Basel am Mee dëst Joer waren et der manner, ma och do huet ee palästinensesch Fändele bei ESC-Maniffe gesinn.

Virun der ESC-Finall zu Basel: pro-palästinensesch Demonstranten am Zentrum vun der Stad. / © AFP
Konfrontéiert mat der Fro vun engem méigleche Boykott wéinst der Presenz vun Israel oder wéinst der (forcéierter) Absence vun Israel beim ESC dat anert Joer an Éisträich huet RTL Lëtzebuerg elo op déi ursprénglech Vocatioun vum Museksconcours higewisen:
"Zanter ville Joren ass de Eurovision Song Contest eng Plattform fir kulturellen Austausch, déi Leit aus ganz Europa an doriwwer eraus zesummebréngt. De Concours steet fir Diversitéit, Toleranz a géigesäitege Respekt – Wäerter, déi net vu Grenzen, Glawen oder Hierkonft ofhänken. Organiséiert gëtt de Concours vun der European Broadcasting Union (EBU) zesumme mat hire Memberen, onofhängeg vun all Regierungsafloss."
EBU-Prinzippie spillen "eng zentral Roll"
D'EBU steet aktuell an engem Austausch mat hire Memberen, fir ze kucken, wéi ee sech wëll positionéieren. RTL ass doran agebonnen:
"Als Member vun der EBU verfollegt RTL Lëtzebuerg de lafende Konsultatiounsprozess souwéi déi Decisiounen, déi am Kader dovun diskutéiert ginn. Mir suivéieren d'Situatioun ganz genee a bleiwe fokusséiert drop, datt d’Prinzippien, déi d’EBU leeden, och bei zukünftegen Entwécklungen eng zentral Roll spillen."
Ufank Dezember ass d'Generalversammlung vun der EBU, do dierft dann decidéiert ginn, ob Isarel weider dierf um Contest deelhuelen respektiv, ob et Länner gëtt, déi sech zeréckzéien, entweeder well Israel derbäi bleift oder net méi duerf matmaachen. Den Drock op eng Decisioun dierft bis dohin net méi kleng ginn: Eng Partie Länner ruffen zu engem Boykott vun Israel op, anerer, wéi Däitschland, si géint esou eng Mesure.
"Wéi geplangt virun"
En attentant gëtt zu Lëtzebuerg "wéi geplangt" weidergeschafft: "Parallel dozou ginn am Moment d’Preparatioune fir déi nächst Editioune vum Luxembourg Song Contest an dem Eurovision Song Contest wéi geplangt virun", heescht et weider vun RTL.
Den LSC ass de 24. Januar 2026 an der Rockhal virgesinn, do gëtt da gekuckt, wie Lëtzebuerg um ESC 2026 vum 12. bis de 16. Mee zu Wien vertrëtt.

Den ESC 2026 ass zu Wien: Ob mat Israel oder ouni, dat ass aktuell eng Fro, déi vill diskutéiert gëtt.