Linkin Park, Limp Bizkit, Iron Maiden a Volbeat spillen 2026 um Rock am Ring

© Photo by SASCHA DITSCHER / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
En Dënschdeg huet de wuel bekanntsten däitsche Rock- a Metal-Festival eng éischt Rëtsch u Bands an Artiste fir d'Editioun 2026 bekannt ginn.
Gréisser Iwwerraschunge bleiwe bis ewell aus, ma fir Fans vum Rock am Ring-Weekend um Nürburgring dierften déi éischt Bands awer genee de Goût treffen. De Gros gehéiert souzesoe scho bal zum Standard-Programm vum Rock-Festival.
Zougesot fir 2026 hu bis ewell Limp Bizkit, Linkin Park, Papa Roach, Bad Omens, Volbeat, Electric Callboy, Sabaton, Iron Maiden, The Offspring, Architects, Babymetal, Trivium, Within Temptation, Ice Nine Kills, Landmvrks, Marteria, Three Days Grace, A Perfect Circle, Hollywood Undead a Social Distortion.
D'Editioun 2026 vum Rock am Ring ass vum 5. bis de 7. Juni 2026. Tickete kritt een um offizielle Site vum Organisateur. En Ticket kascht de Moment 257,50 Euro, dat ouni Camping a Parking. Hëlt een dës Optioun nach dobäi, muss ee mat ronn 356,50 op d'mannst rechnen.