Neutral PlattformTrifolion rechtfäerdegt Invitatioun vum Thilo Sarrazin

Den Direkter betount awer, datt een net mengen duerf, säin Haus wier der selwechter Meenung wéi den ëmstriddenen Invité, just een een deen invitéiert hätt.

© Claudia Kollwelter
Den Trifolion zu Iechternach huet e Mëttwoch de Muere säin neie Programm fir d'Fréijoers- a Summersaison 2016 virgestallt. D'Talk- a Virtragsrei "Horizonte" steet dëst Joer ënnert dem Thema "Solidaritéit a Gerechtegkeet".

Eng Rei vun Experten aus Politik a Philosophie sollen der Fro nogoen, ob a wéi eng gerecht a solidaresch Welt méiglech ass. Datt ënnert den Invitéen och de Politiker Thilo Sarrazin ass, gouf zanter der Ukënnegung schaarf kritiséiert ...

Den Thilo Sarrazin am Trifolion: Claudia Kollwelter



PDF: "Sarrazin-Konferenz in Echternach: Ausladen und Alternativen aufzeigen!" - Esou d'Reaktioun vun Déi Gréng Iechternach.

An de Medie wéi op de sozialen Netzwierker ginn et eng ganz Partie Stëmmen, déi kee Versteesdemech hu fir de Choix vum Iechternacher Kulturzentrum, den däitsche Politiker Thilo Sarrazin am Abrëll ze invitéieren. Dem Direkter vum Trifolion, Ralf Britten, no kann een awer net op eenzel Meenunge lauschteren. Als Haus wéilt een net zum Spillball gi vun Eenzelmeenungen ...

Den Trifolion ass sech awer bewosst, datt et Leit ginn, déi net d'Accord mam Choix sinn an huelen deemno verschidde Precautiounen. Dozou de President vum Verwaltungsrot, Yves Wengler: "Mir huele Kontakt op mat der Police, datt mir preparéiert sinn an net um lénke Fouss erwëscht ginn." Et hofft een awer, datt et net zu Incidente kënnt.

Den Thilo Sarrazin


Déi Horizonte-Serie soll sou oflafen, datt déi 4 Invitéë ronn eng Stonn Zäit hunn, hiren Exposé ze halen. No enger Paus sollen dann am zweeten Deel vun den Owenter d'Leit aus dem Publikum kënne Froen stellen. Et erwaart ee sech interessant a kontrovers Diskussiounen.

An awer preparéiert een sech heifir och extra, fir Chaos ze evitéieren, esou sollen d'Froen an der Paus scho schrëftlech eragi ginn.

Dem Direkter vum Trifolion ass awer och lo kloer ginn, datt d'Gefor do ass, sech an Oppositioun zu eenzelnen Iwwerzeegungen ze setzen. De Ralf Britten ënnersträicht och, datt een net mengen duerf, et wier een der Meenung vum Sarrazin, just well een hien invitéiert hätt. Horizonte wier eng neutral Plattform.

De Choix huet den Direkter dann och nach domat begrënnt, datt d'Orientéierung vum Haus, wien invitéiert gëtt, d'Gesetz wier, an de Sarrazin zwar kontestéiert wier, ma awer ni vun engem Geriicht veruerteelt ginn ass.

PDF: Pressedossier op Däitsch.
PDF: Pressedossier op Franséisch.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.