3 NominatiounenFrancine Closener, Jo Kox, Olaf Münichsdorfer

Déi fréier Staatssekretärin wiesselt an den Ausseministère, de KeP-Coordinateur an d'Kultur an den Olaf Münichsdorfer vun der Nohaltegkeet bei d'Energie.

Nodeems d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener net méi bei de Chamberwalen am Oktober erëmgewielt gouf, ass et elo eng nei Tâche fir d'fréier Journalistin: RTL-Informatiounen no huet sech e Mëttwoch confirméiert, wat ewell zanter Wochen an der Press zirkuléiert ass, nämlech datt d'LSAP-Politikerin am Regierungsrot als Responsabel fir den Nation Branding am Ausseministère genannt gouf, dëst an der Successioun vum Tania Berchem, déi Direktesch vum Lëtzebuerger Trade Office zu Taipeh op Taiwan ass.

An der aktueller Regierung ass et elo de Minister Lex Delles, dee sech ëm d'Ressorten Tourissem a Mëttelstand bekëmmert, déi bis dato d'Responsabilitéit vun der Madamm Closener waren.

Am Kulturministère vun der neier Ministesch Sam Tanson ass et d'Nominatioun vum Jo Kox als 1er Conseiller de Gouvernement. Och dat - eisen -Informatiounen no - eng Decisioun aus dem Ministerrot vum Mëttwoch de Mueren.

De Fondateur vum Groupement vun de Stater Muséeë grad wéi fréiere Verwaltungsdirekter vum Casino an der Stater Ënneschtgaass besetzt domat dee Posten, deen nom Depart vum Bob Krieps net méi occupéiert war. De 60 Joer alen Expert vun der Lëtzebuerger Kulturzeen war ënnert anerem zejoert vum Xavier Bettel genannt ginn, fir de Kulturentwécklungsplang (Kep) auszeschaffen.

Dann nach eng drëtt Nominatioun, déi allerdéngs och net am offizielle Schreiwes vum Service Information et Presse (SIP) iwwer de Regierungsrot dra steet, nämlech déi vum Olaf Münichsdorfer. De fréiere Porte-parole am Nohaltegkeetsministère gëtt 1er Conseiller de Gouvernement an zwar am neien Energieministère vum Claude Turmes. Do ass hie fir d'Relatiounen tëscht dem Ëmwelt- an dem Energieministère responsabel. Den Olaf Münichsdorfer war fréier Journalist am "Land" an huet och am EU-Parlament als Attaché fir de Claude Turmes geschafft.