Wéi de CGDIS mellt, huet géint 19.20 Auer e Samschdeg den Owend en Haus zu Bauschelt op der Place de l'éiglise gebrannt.

Eng Ambulanz vu Wolz souwéi d'Pompjeeë Klierf, Réiden, Wolz an der Stauséigemeng war op der Plaz. Kenge ass eppes geschitt. Weider Detailer sinn net gewosst.

Géint 21.20 Auer ass zu Rodange e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.

Kuerz no Hallefnuecht krute sech zu Stroossen zwee Gefierer ze paken. Hei gouf et zwee Blesséierter. Bei der Kollisioun tëscht zwee Ween géint 04.30 Auer an der Stad gouf et ee Blesséierten.