E syntheetesche Futtballterrain, deen zu Useldeng deen natierleche soll ersetzen, beschäftegt d’Gemidder an der 2.100- Séile-Gemeng

Deen Trainingsterrain läit nämlech direkt un der Atert an ass reegelméisseg iwwerschwemmt. Eng kënschtlech Wiss wier vill méi einfach ze ënnerhalen, soen d’Experten – allerdéngs geréit all Kéiers Plastik mat an d’Baach a belaascht d’Ëmwelt. Eng Partie Useldenger wiere sech elo géint d’Pläng vun der Gemeng, déi hirer Meenung no eng Alternativ misst sichen.
 
D’Sandra Galassi ass vun Useldeng, kréich de syntheeteschen Futtballterrain hannert Haus, a weist eis en eeleren Terrain zu Schieren. Och do steet dacks Waasser an och do geréit, wann d’Héichwaasser zréckgeet, Plastik mat an de Circuit, an d’Natur. De Schierener Futtballterrain verléiert Hoer.

Polyethylen (PE) a Polypropylen (PP) sinn hei am Asaz a genee dofir wiert sech d’Awunnerin vun Useldeng géint de Projet: dass Mikroplastik an d’Reschter vu chemescher Behandlung an d’Waasser an an d’Ëmwelt lafen.
Schieren kennt Héichwaasser, d’Duerf, wou si wunnt, och. Genee widder dem Useldenger Trainingsterrain ass dat. Deen ass nach natierlech; éischter eng Supp wéi eng Wiss op där sech gutt «kicke» léisst ...hei huet d’Atert dat lescht Wuert.

Duerch d’Buedemversigelung kéinte si nach méi Héichwaasser kréien, fäerten d’Noper. Si mat Nimby ofzestempelen, schéngt awer ze einfach. Och wann d’EU, wat Mikroplastik a Konscht-Wuess ugeet, vun 2031 u just d’Gummis-Granuleeën, net dat falscht Gras verbitt.

Den Terrain wier ee vun der neier Generatioun - ouni déi Faseren, mee wann dach, géifen déi mam Staubsauger ewechgeholl, hätt den Hiersteller erkläert, sou de Pollo Bodem. Ausser Buedemversigelung kéim näischt, den Terrain géif net opgefëllt, mee et hätt een eng Kaul vun 89 cm Déift, laanscht d’Atert gegruewen, fir d’Waasser ze bremsen.

De Claude Metz vum Club Jeunesse Useldeng zielt, dass ronn 130 Kanner 3 mol d’Woch hei um Terrain trainéieren, an 30 Seniore wieren am Kader um Wuess. Den Haapt-Terrain soll iwwregens net liichtfankeg futtigemaach ginn, an ass jo och am Ënnerhalt méi deier, wéi e Plastiks. Déi Jonk sollen ënnerstëtzt ginn, seet och de Pollo Bodem.

D’Sandra Galassi gëtt net op, huet scho guer näischt dogéint, dass d’Kanner aus der Gemeng, Sport maachen a Futtball spillen. Si sensibiliséiert d’Awunner trotzdeem an hofft op eng Alternativ-Propos vu der Gemeng. Déi huet, confirméiert de Buergermeeschter, uewen op der Kopp bei der Schoul, en Terrain kaf, deen awer net heifir geduecht wier. Dee ganze Gemengerot – sämtlech vertruede Parteien – hätten iwwregens Jo gesot, zum Terrain aus Konschtwues, deen um Enn 3 Millioune soll kaschten.