Portugisesch Medien
Mann aus Lëtzebuerg bei Porto festgeholl gi wéinst Haftbefeel
An der Gemeng Trofa bei Porto gouf um Freideg ee Mann aus Lëtzebuerg festgeholl, géint deen et zanter dem 7. November ee Mandat d'arrêt gouf.
Dat melle portugisesch Medien. De 45 Joer ale Mann wier wéinst Drogenhandel gesicht ginn. De Mann war der portugisescher Police och schonn an deem Zesummenhang bekannt. Hien hätt géint 16.30 Auer kënne bei enger gängeger Kontroll identifizéiert ginn a wier doropshi festgeholl ginn. Eng Confirmatioun vum Lëtzebuerger Parquet hu mer bis elo nach net.
Am meeschte gelies