Optakt vum Bommeleeër-bis-Prozess géint siwe Beschëllegter
D‘Bommeleeër-Affär ass vun e Méindeg un nees zeréck um Stater Geriicht.
Et handelt sech awer ëm de sougenannte Bommeleeër-bis-Prozess géint fënnef fréier Gendarmen an zwee fréier Membere vun der Sûreté publique, deene reprochéiert gëtt, wärend dem Haaptprozess Falschaussoe gemaach respektiv Informatiounen zeréckgehalen ze hunn. 11 Joer war op d'mannst fir d‘Ëffentlechkeet Paus am Dossier Bommeleeër. Elo ginn d‘Resultater vun der Enquête viru Geriicht verhandelt.
D‘Bommeleeër-Affär: Iwwer véier Joerzéngte begleet se Lëtzebuerg. Déi 21 Attentater tëscht 1984 bis 1986, bei deenen nëmmen duerch Zoufall keng Persoun ëm d‘Liewe koum. „Et war net keen“, jo, mä wie war et dann? Wien huet uganks ‘84 Dynamit geklaut, an den 30. Mee vun deem Joer nach ouni Erfolleg, mä zwee Deeg duerno du mat, en Héichspannungsmast zu Beidler an d‘Luucht gesprengt? Wien huet an der Suite Bommen detonéiert ënnert anerem bei engem Weekend-Chalet zu Buerschent, enger Gasleitung zu Hollerech, der Schwemm um Kierchbierg an dem Navigatiounssystem um Findel? Wie sinn d‘Attentäter a firwat hu si de Lëtzebuerger mat hiren Doten Angscht gemaach?
Wie sinn oder waren d‘Bommeleeër?
Bis haut sinn déi Froen net beäntwert. Theesen an Theorië ginn et der direkt e puer: als déi gewootsten gëllt wuel déi, d‘groussherzoglech Famill wär dra verstréckt. Der Pist, eng US-amerikanesch Geheimarméi, déi d‘NATO-Staate ,waakreg rësele wollt, genannt „Stay behind“, kéint derhannert stiechen, sinn d‘Enquêteuren och nogaangen. De Parquet gesäit et virun allem als national Affär: Deeler vun der deemools ënnerbesater an ënnerfinanzéierter Gendarmerie wollten der Politik mat Terror op d‘Spréng hëllefen. Dass d‘Bommen-Attentater mam néidegen Know-How a präzis duerchgefouert waren, huet déi Thees gestäerkt. Esou waren et zwee Membere vun der Elite-Unitéit, der „Brigade Mobile de la Gendarmerie“, déi no iwwer 20 Joer vun der Justiz als éischt konkret Verdächteg an der Bommeleeër-Affär virgestallt goufen. Si heesche Marc Scheer a Jos Wilmes. Haut 70 respektiv 68 Joer al. Gutt sechs Joer duerno geet uganks Februar 2013 de Prozess géint déi zwee eenzeg Ugekloten un. Am Summer 2014 gëtt de Prozess no 177 Verhandlungsdeeg gestoppt. Deemools sot de Procureur Georges Oswald:
„Méi interessant waren awer virun allem déi Sëtzungen, an deene Leit dem Geriicht Aussoen zerwéiert hunn, déi ee manifestement net konnt gleewen an déi bis dato och net am Dossier waren, oder net ënner Eed gemaach gi waren. Dat huet also eng vun de Konditioune vun der Falschausso perfekt gemaach.“ A weider: „Vun deem Standpunkt hier huet de Prozess vill nei Elementer bruecht. Et huet sech vill méi kloer erausgestallt, wat fir eng Roll déi eng oder déi aner gespillt hunn, am Géigesaz zu hire berufflechen Obligatiounen, déi si eigentlech ze erfëlle gehat hätten.“
Deemools hunn also e puer Zeie sech wärend dem Prozess a Kontradiktioune verstréckt a sech selwer verdächteg gemaach.
Uganks handelt et sech dobäi ëm d‘fréier Cheffe vun den zwee Haaptugekloten, also déi Hären Gendarmen Harpes, Reuland, Schockweiler, Stebens a Bourg, a vun der Brigade Mobile de Marcel Weydert. Hei erkläert de fréieren RTL-Journalist Nico Graf 2018 – also fënnef Joer nom eigentlechen Ufank vum richtege Bommeleeër-Prozess - wou d‘Enquêten dru sinn:
„Et muss erausfonnt ginn, ob déi sechs Mattäter – oder Matwësser waren a sinn. An als éischt, seet de Procureur, muss d‘Basis-Material analyséiert ginn: Wat gouf gesot, gebaubst, gehouscht, ugedeit oder carrement verschwiege ginn am Prozess? E schwéieren Job fir d‘Enquêteuren, Georges Oswald: „D‘ganz Sëtzung ass jo opgeholl ginn. Eleng déi Opnamen hu missen alleguer ausgewäert ginn.“
Elo 11 Joer méi spéit ginn d‘Resultater vun der Enquête, déi awer schonn 2019 ofgeschloss war, am Bommeleeër-bis-Prozess verhandelt. Nëmmen: am Summer zejoert war de Beschëllegten Charles Bourg gestuerwen. Och den Enquêteur vun der Sûreté Lucien Linden ass dout. Elo stinn nach véier deemools héichrangeg Gendarmen am Alter vun 65 bis 97 Joer viru Geriicht, grad ewéi deen ee Member vun der Brigade Mobile. Déi zwee fréiere Sûreté-Enquêteuren Haan a Büchler ginn iwwerdeems verdächtegt, gelunn ze hunn, am Kontext Ben Geiben, de Grënner vun der Brigade Mobile, deen temporär mol als Haaptverdächtegen an der Bommeleeër-Affär gegollt hat, ma géint deen de Verdacht zejoert definitiv opgehuewe gouf.
7 Persoune stinn also vun elo viru Geriicht wéinst hire widderspréchlechen Aussoe wärend dem Haaptprozess, déi d‘Sich no der Wourecht behënnert hunn, net als potenziell Mattäter. 16 Prozessdeeg si virgesinn. Da gëtt op en Urteel gewaart, géint dat jo dann och nach juristesch Schrëtt méiglech sinn. Bis Bommeleeër-bis net gekläert ass, geet de Bommeleeër-Haaptprozess op alle Fall net weider.
Um Méindeg um 15 Auer ass et dann déi éischt Audienz vun deem Prozess géint 7 Beschëllegter. Hei bei RTL hale mir Iech natierlech um neiste Stand am Dossier Bommeleeër, dee Lëtzebuerg zanter iwwer 40 Joer ëmmer nees beschäftegt.