18 Mënschen hunn d'zejoert hiert Liewen op de Stroossen zu Lëtzebuerg verluer.

Dëst Joer wäert de Bilan nees méi schlecht ausfalen. 
 
All 3.Weekend am November ass de Weltdag vun de Verkéiersaffer. Hei zu Lëtzebuerg gëtt de Mënschen, déi hiert d'Liewen an engem Verkéiersaccident verluer hunn oder schro blesséiert goufen, an der Gemeng Jonglënster geduecht.

Fir d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ass et kloer, dass méi streng Sanktioune misste geholl ginn. Dofir muss de Code de la Route ugepasst ginn. D'Vitesse an den Alkohol bléiwen d'Haaptursaache fir de Misär am Stroossentrafic. Dobäi kënnt d'Oflenkung wärend dem Fueren a wärend dem Hierscht a Wanter déi däischter Joreszäit. 
 
Bei der Gedenkfeier um Samschdeg ass d'Wuert "Hoffnung" ëmmer nees ernimmt ginn. Déi an de Courage wäre wichteg fir all Mënsch, deen duerch e Stroossenaccident mat Sequellë liewe misst.