"Médecins du Monde ass dofir, datt d'Wanteraktioun dat ganzt Joer ophuet"
Am Interview schwätzt den Dr. Thill iwwert Aarmut, d’Dignitéit vum Mënsch an dat allgemengt Recht op eng Gesondheetsversuergung.
D'Wanteraktioun soll dat ganzt Joer op sinn, eng konkret Fuerderung vun der Hëllefsorganisatioun, déi den Dokter direkt am Ufank vum Interview formuléiert huet.
D'Argument, datt een domat hei am Land den Tourisme social favoriséiere géif, wier a sengen Aen net nozevollzéien. De Gros vun de Leit géif op Lëtzebuerg kommen, fir vun der Aarmut ze flüchten, ze schaffen an ee bessert Liewen opzebauen.
Nieft dem Recht op eng Schlofplaz, wier et an esou engem räiche Land wéi Lëtzebuerg wichteg, "datt all Mënsch, dee krank ass, egal wou en hierkënnt, egal wéi en heescht, eng Gesondheetsversuergung kritt, déi adequat a korrekt ass. Dofir misst och d'CUSS (Couverture universelle de soins de santé) endlech eng legal Basis kréien, dass wierklech jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg lieft, sécher ka sinn, dass e bei den Dokter ka goen, an dass en do entspriechend gutt betreit a gehollef kritt", sou den nach aktuelle President vu Médecins du Monde (MDM).
Donieft wier et scho längst fälleg, datt den Tiers payant generaliséiert agesat gëtt – also bei alle medezinesche Behandlungen, déi vun der CNS rembourséiert ginn. Dat géif virun allem déi Leit a Famillen entlaaschten, déi zum Schluss vum Mount, schwéier iwwert d'Ronne kommen. Den Tiers payant social (TPS) wier zwar do, mee mat administrative Contraintë verbonnen.
"Médecins du Monde misst zu Lëtzebuerg net néideg sinn"
"Eigentlech si mir der Meenung, dass et misst esou sinn, dass mir (MDM) hei zu Lëtzebuerg net néideg wieren. Et misst esou sinn, dass déi 1.300 Leit, déi mir pro Joer gesinn, vun eisem Land géife mat en Charge geholl ginn, duerch eng Couverture universelle de soins de santé", sou den Dr. Thill. An datt d’Associatioun sech da kéint op aner Länner konzentréieren, déi et wierklech néideg hunn. Den Ament géif MDM jo all déi Leit behandelen, déi zu Lëtzebuerg keng Rechter hunn respektiv kee Wunnsëtz, Leit, déi op der Strooss sinn a leider dacks och Leit, déi sech eng medezinesch Behandlung net direkt leeschte kënnen.






Heescheverbuet: Ugrëff op d’Dignitéit vum Mënsch
Den Dr. Bern Thill ass 74 Joer al, gebuer an der Stad, opgewuess zu Schëffleng. Hien ass ee vu 5 Kanner, säi Papp war Bauer. “Ech hat d’Chance an enger Famill opzewuessen, wou d'Elteren sech ëm eis bekëmmert hunn, a gesuergt hunn, dass mer an d'Schoul gaange sinn. A mir haten alles, wat mir eis konnten denken. Déi Chance huet net jiddwereen. Et däerf een net vergiessen, wou een hierkënnt a wéi eng Chance een hat. An et däerf een op der anerer Säit och net vergiessen, datt et Leit ginn, déi déi Chance net hunn. Dat sinn awer genau esou wäertvolle Mënsche wéi ee selwer”, sou de Bern Thill.
Dofir wier fir hien och d’Heescheverbuet an der Stad een Ugrëff op d’Dignitéit vum Mënsch. Dat géif net de Problem vun der Aarmut, mee d’Leit bekämpfen. “Soen, dir musst elo hei vun der Strooss fort, dir hutt kee Recht hei ze heeschen, dir hutt kee Recht hei ze bleiwen, well dir illegal hei am Land sidd.. Et muss ee sech froen, wou kommen déi Leit hier, firwat si si hei? Ech ka just soen, d'Majoritéit vun hinne kommen heihin aus Aarmutsgrënn. An Aarmut ass keng Schan! Mir mussen eis deene Leit unhuelen als räicht Land an eis bewosst sinn, dass mir d‘Dignitéit vun dëse Mënschen - egal wou si hierkommen an egal wéi ee Statut si hunn - net vergiessen a vernoléissegen, mee respektéieren mussen. Ech denken un dat däitscht Grondrecht – Die Würde des Menschen ist unantastbar.”
“Aarmut ass wéi eng Krankheet”
“Fir mech ass Aarmut genau esou wéi eng Krankheet. Eng batter Krankheet, déi schwéier ze heelen ass. An et muss een sech deene Leit unhuelen, genau esou wéi een sech physesch kranke Mënschen unhëlt, déi leiden”, sou de Medezinner. Et wieren ee virun allem ëmmer nach ee Mënsch.
“D'Liewen ass nëmmen dann liewenswäert, wa kee Leiden do ass. An wann een aarm ass, dann ass ganz vill psychesch Souffrance domat verbonnen. An déi Souffrance en Charge ze huelen, an eis ze soen, dat kënne mir net zouloossen, mir mussen deene Leit hëllefen, dat wär dee richtege Wee.”
Lëtzebuerger vum Joer 2022
Den Dr. Bern Thill ass zënter 2021 President vu Médecins du Monde. Zum Schluss vun dësem Joer gëtt hie säi Posten als President a priori of. Hie wäert awer weider als Benevole an der Associatioun aktiv sinn a Leit behandelen. Zënter 2017 betreit hie krank Leit, déi keng Krankeversécherung hunn, dacks op der Strooss schlofen oder soss a prekäre Verhältnisser liewen. Virdrun, a senger aktiver Karriär als Dokter huet hie virun allem Onkologie-Patiente betreit. Ma virun allem am Beräich vun de Soins Palliatives huet hien sech agesat.
2022 war hie fir seng Aarbecht als Lëtzebuerger vum Joer ausgezeechent ginn.
An engem Interview huet de Medezinner sech deemools gewënscht, datt déi nei Regierung sech sozial engagéiert, fir datt d’Unzuel u Sans-Abrisen zu Lëtzebuerg net weider klëmmt.
Dat wier a sengen Aen awer leider bis ewell net geschitt. Am Géigendeel. Den Accès op ee Logement wier fir vill Leit hei am Land nach ëmmer immens schwiereg, esou den Dr. Bern Thill.