Iwwer 50 Hiweiser vu Korruptioun an de leschten zwee Joer
Iwwer d'Hotline vun Transparency sinn an de leschten zwee Joer eng 100 Appeller erakomm, woubäi 50 Prozent dovunner mat Korruptioun ze dinn haten.
Géint Korruptioun a fir Transparenz, dat ass d'Zil deem sech d'Transparency International verschriwwen huet.
Transparency Lëtzebuerg huet um Mëttwoch hire Bilan gezunn. An de leschten zwee Joer sinn op der Hotline vun der asbl eng 100 Appeller erakomm. Nëmmen d'Halschent dovun haten effektiv eppes mat Fäll vu Korruptioun ze dinn. Esou Affaire ware méi heefeg a Gemengen- ewéi a Staatsverwaltungen, mä betraff waren och den Immobilien- an de Finanzsecteur, grad ewéi och d'Marchés publics, erkläert de Yann Baden, President vun Transparency Lëtzebuerg.
Dacks konnt d'Organisatioun net méi vill ënnerhuelen, well entweder d'Affaire verjäert waren oder well net déi néideg Beweiser konnte fonnt ginn.
Fir d'Leit, déi sech bei hinne mellen ze schützen, gëtt hinne vun Transparency hir Anonymitéit garantéiert.
Un d'Regierung ass et den Appel fir d'Gesetz iwwer de Schutz vu Whistleblower, Leit also déi illegal Faiten denoncéieren, ze reforméieren a méi breet auszeleeën.
Donieft ass et d'Fuerderung, datt och d'Fonction Publique, nieft den Employéeë vum Staat an och op Gemengenniveau misste Code de Deontologie kréien, esou wéi dat fir d'Membere vu Regierung, Chamber a Staatsrot de Fall ass.
Transparency International kënnt dir iwwer Telefon um 26 38 99 29 oder iwwer E-Mail op info@transparency.lu kontaktéieren.