Neie Vaccin "Efluelda" – vu Santé recommandéiert, an der Apdikt net ze kréien
D’Santé recommandéiert fir Leit iwwert 65 Joer en neie Vaccin. D’Apdikter reagéiere schaarf. Deen neie Vaccin gëtt et hei am Land nämlech nach guer net.
Wéi all Joer recommandéiert d’Direktioun vun der Santé och dësen Hierscht, dass eeler oder vulnerabel Leit sech géint d’Gripp impfe loossen. Konkret si Leit iwwert 65, schwanger Fraen a Patiente mat gewësse Viruserkrankungen (Häerz- a Longekrankheeten, Iwwergewiicht oder Diabetes) viséiert. Mee am Virfeld vun der Impfcampagne, déi de 15. Oktober offiziell ufänkt, ginn et hannert de Kulisse gréisser Diskussiounen.
Den 22. September 2025 kruten d’Apdikter an d’Dokteren nämlech eng gemeinsam Circulaire vu Santé a CNS. An där gëtt fir Persounen iwwert 65 Joer vun elo un en neien, héich doséierten Impfstoff recommandéiert. Deen Impfstoff ass duebel esou héich doséiert. De President vum Apdiktesch-Syndikat Alain de Bourcy explizéiert, dass deen neien Impfstoff “Efluelda” sech besonnesch fir Leit iwwert 65 eegent, well deenen hiren Immunsystem normalerweis net staark genuch op déi klassesch Vaccine reagéiert, an hiren Impfschutz dofir net gutt genuch ass. Jonk Leit solle sech iwwregens net mat deem neie Vaccin impfe loossen, well si déi héich Dosis net brauchen, an d’Niewewierkungen och entspriechend méi staark sinn.
De Problem: An de Lëtzebuerger Apdikte sicht een deen neie Vaccin ëmsoss. Well Efluelda bis elo hei am Land net benotzt gouf, hunn och d'Pharma-Grossisten dee Vaccin aktuell net op Stock. Mëttlerweil ass deen neie Vaccin bestallt, mee d’Apdikter rechnen, dass e fréistens an der zweeter Oktoberwoch an allen Apdikten hei am Land verkaaft gi kann. Dëse Liwwerenkpass géif elo Patiente veronsécheren, an d’Planung an den Doktesch-Cabineten op d’Kopp geheien, well elo Impf-Rendez-vousen eventuell verluecht musse ginn. Donieft riskéieren d’Apdikter ze vill vun deem klasseschen Impfstoff bestallt ze hunn.
Den Alain de Bourcy vum Apdiktesch-Syndikat ënnersträicht, dass d’Apdikter hiren Impfstoff normalerweis am Mäerz virbestellen, an d’Commande am Summer confirméieren. D’Apdikter reprochéieren der Santé, dass déi vill ze vill spéit op deen neie Vaccin reagéiert hätt, an den zoustännege Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses ze spéit aberuff hätt: “Dat ass eppes, wat eis traureg mécht, a wou mir soen, dat ass einfach Schlendrian. Do ass geschlof ginn. Dat muss ee kënnen zouginn. Dat ass och net de Feeler vun der Ministesch, mee ech mengen, dat ass einfach d’Direktioun vun der Santé. Dat sinn déi Leit wou technokratesch, technesch kucke mussen, dass dat funktionéiert. Do ass näischt geschitt!”, reegt den Alain de Bourcy sech am Numm vun den Apdikter op.
Am Ausland géifen esou wichteg Changementer mat méi Virlaf geplangt ginn, esou den Alain de Bourcy weider. Als Beispill nennt hien Däitschland, wou déi zoustänneg “Stiko – Ständige Impfkommission” den Efluelda schonn am Oktober 2024 fir d’Impfcampagne 2025/26 validéiert huet.
Den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, äntwert, hie kéint net op dës schaarf Reproche reagéieren, well d'Gesondheetsministesch Martine Deprez fir d'éischt eng Question Parlementaire zu deem Thema beäntwerte misst. Hie mécht am Interview nëmmen allgemeng Aussoen iwwert d'Disponibilitéit vun de Vaccine géint d'Gripp: “Déi klassesch Vaccine si schonn do. Deen neie Vaccin, deen elo supplementär kënnt, dee kënnt elo an den nächsten Deeg. Also do misste genuch Vaccinen do si fir jiddwereen.”
All Joer loosse sech hei am Land iwwregens eng 80- bis 90.000 Leit géint d’Gripp impfen, een Taux mat deem d’Santé net ganz zefridden ass.