Zu de Feierlechkeeten am Kader vum Trounwiessel gehéiert och den Te Deum e Sonndeg de Moien an der Kathedral.

Vun e Freiden u gëtt sech da prett gemaach fir dat grousst Evenement.  
 
Um Te Deum e Sonndeg de Moien ass Plaz fir Dausend Leit, ongeféier 700 vun de Still si reservéiert fir Invitéeën, de Recht ass fir de Grand Public. Um Mëttwoch waren d’Still schonn opgestallt, de Recht vun den Dekoratioune kënnt no. Vill Elementer konnten nach net installéiert ginn, well d’Kathedral nach op ass fir de Public, och aus Sécherheetsgrënn.

Fir dëst grousst Evenement wäerte virun allem Blummenarrangementer d’Kathedral faarweg gestalten. Wéi vun der neier groussherzoglecher Koppel gewënscht, sinn dës an den Hierschtfaarwe gehalen a Kombinatioun mat wäiss.

D’Mutter Gottes huet hiert Gewand fir déi offiziell Zeremonie awer schonn un: dëst ass verziert mat de Symboler fir all Lëtzebuerger Kanton, woumat dat ganzt Lëtzebuerger Land representéiert ass.

Vun e Freideg un ass d’Kathedral zou, fir dass alles kann en Place gesat ginn.