E 45 Minutte laangen Documentaire vum Monique Kater. Elo op RTL.lu an RTL PLAY, en Donneschdeg den Owend nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Fir de Grand-Duché geet e Freideg, den 3. Oktober 2025 eng Ära op en Enn: No 25 Joer iwwerhëlt den Ierfgroussherzog Guillaume den Troun vu sengem Papp a gëtt domadder neie Staatschef.

De Grand-Duc Henri huet d’Monarchie an e modernt Joerhonnert gefouert, dat dem Land eng ganz Rei gesellschaftspolitesch Changementer bruecht huet. Wäit ewech vu Krich respektiv Nokrichszäit an dem Patriotismus, op deen d’Monarchie sech konnt verloossen, huet d’groussherzoglech Famill sech missen eng nei Plaz an en neie Stellewäert an der Societéit sichen.

Am Gespréich mat e sëllege Vertrieder aus Politik an Zivilgesellschaft zeechne mir e Portrait vun eiser Monarchie, déi wuel kritiséiert gouf, mee nach ëmmer vun enger breeder Majoritéit vun de Bierger hei am Land gedroe gëtt.

Den Documentaire "Facettë vun engem Règne" fannt Dir hei op RTL.lu an op RTL PLAY, en Donneschdeg den Owend, um Virowend vum Trounwiessel, weise mir Iech en och op RTL Télé Lëtzebuerg, direkt nom Journal (also géint 20 Auer).