Kontrollen am Kader vun der Schoulrentrée
D'Police huet 551 Avertissements taxés ausgestallt

© Andy Bruecker / rtl.lu
Tëscht dem 15. an dem 30. September huet d'Police Grande-Ducale spezifesch an den Alentoure vu Schoulgebaier kontrolléiert.
Axéiert war bei dëse Kontrolle speziell d'Sécherheet vun de Kanner op hirem Schoulwee. Dobäi ass opgefall, dass sëllegen Automobiliste sech net un d'Reegele vum Code de la route gehalen hunn.
- Et goufen 280 Avertissements taxés ausgestallt wéinst falschem Parken
- 200 Chauffere goufen erwëscht a bestrooft wéinst ze séierem Fueren
- An 43 Fäll louch kee Sécherheetsgurt un (bei 21 Erwuessenen a bei 22 Mineuren)
- 17 Avertissements taxés goufen ausgestallt well keen homologéierte Kannersëtz an de jeeweilege Gefierer war
- 11 Automobiliste goufe bestrooft, well se wärend dem Fueren telefonéiert hunn
Wéi vill Kontrollen d'Police am genannten Zäitraum am Ganzen duerchgefouert huet, gouf net preziséiert.
Am meeschte gelies