Aussergewéinlech vill Reen am September

© Ketty a Rom Hankes
Um Findel goufen am Laf vu September 266,6 Liter Reen op de Quadratmeter gemooss. Dat ass bal 4 mol esouvill wéi soss an deem Mount.
Domat wier e Rekord opgestallt ginn, nach ni zanter 1947 huet et an engem Mount esou vill gereent. Virdru louch de Spëtzewäert bei 232,2 Liter, deen am Dezember 1993 gemooss gouf.
Am ganze Land huet et vill méi gereent wéi normal, mee d’Quantitéite wieren zum Deel ganz ënnerschiddlech gewiescht, esou MeteoLux an hirer Analys.. Am Mierscher Kanton goufe lokal bis zu 300 Liter registréiert. Am Duerchschnëtt koum een am September op ronn 200 Liter pro Quadratmeter.
D’Ursaach vun dëser Ree-Wiederlag louch an enger spezieller Konstellatioun. Déifdrockgebitter hunn sech haaptsächlech iwwert de britteschen Inselen etabléiert, wärend Héichdrock am Nordoste vun Europa fir eng Blockade gesuergt huet. Duerch dës Kombinatioun hunn sech Reefronten iwwer Lëtzebuerg ëmmer nees festgehalen. Virun allem an den éischten an de leschten Deeg vum Mount koum et zu méi laange Reen-Episoden.