Op eise Stroossen hat et en Donneschdeg de Moien zweemol gerabbelt.

Ganz fréi schonn um 2.39 Auer war en Auto um CR353 tëschent Branebuerg a Weiler bäigaangen, woubäi zwou Persoune blesséiert gi sinn. Am Asaz waren d'Rettungsekippe vun Housen, Pëtschent an der Nordstad.

Kuerz no 8 Auer sinn dann zwee Autoen an der Lëtzebuerger Strooss zu Bartreng aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Stater Secouristen an déi vu Mamer waren op der Plaz.