Déi staatlech Förderbank SNCI huet en neit Instrument, fir de Betriber ze hëllefen, hir Kompetitivitéit ze perenniséieren.

Den neien zënsfräie Prêt gëtt an Zesummenaarbecht mat de kommerzielle Banken ugebueden. D'SNCI kann deemno bis zu 80 Prozent respektiv 200.000 Euro vun engem Projet finanzéieren. D’Ressortministeren Lex Delles a Gilles Roth hunn den neien Nullzënsprêt virgestallt.

Den neie Prêt ass fir d’PMEen, also kleng a mëttel Betriber geduecht. De Finanzminister Gilles Roth sot:
“An deem Secteur hei schaffen dräimol méi Leit wéi am ganze Finanzsecteur an dofir ass et eng Finanzsprëtz wierklech an d’Réckgrat vun eiser Ekonomie.”

E Prêt mat null Prozent Zënsen, dat gouf et nach net zu Lëtzebuerg, esou de Gilles Roth. Et ass also eng Staatsbäihëllef, déi no den europäeschen Reegelen pro Betrib gedeckelt ass. Ma de Besoin wier do, esou de Wirtschaftsminister Delles.

"Mir héieren alleguerten, datt et Probleemer gëtt am Horeca-Beräich, Zum Beispill, wou et och schwéier ass, sech ze kapitaliséieren, fir Investissementer ze maachen. Do ass et genee d’nämmlecht, wann Investissementer net an den Ekosystem vun eise PMEe kënnt, wou se kënne weider kommen, dann hu se muer Schwieregkeeten, fir kënnen ze funktionéieren."

Datt et eng Demande gëtt, confirméiert den Direkter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion.

"Well déi lescht Joren net déi einfachst waren. An d’Reserve relativ erofgaangen respektiv op null sinn an do ass en Instrument, wéi dat heiten, eppes wat verschidde Betriber awer kann dozou beweegen, awer an d’Zukunft z’investéieren."

Well mat de Banken zesummegeschafft gëtt, sollen och manner Demarchen, fir d’Betriber ze maachen sinn.

"De Betrib geet bei seng Bank, seng Vermëttlerbank an déi këmmert sech ëm den administrativen Dossier, deen eng Kéier muss opgeschloen ginn a net bei der Vermëttlerbank an da mussen mer nach bei d’SNCI goen. D’Bank bekëmmert sech do drëms”, esou de Finanzminister.

Déi nei Aide schreift sech an der SNCI hir nei Strategie an, fir déi digital an energeetesch Transitioun vun der Ekonomie ze begleeden, esou de Lex Delles. Fir dës Zort Projete kéinten och méi grouss Betriber déi nei Hëllef ufroen, zousätzlech zu de Steierbonifikatiounen, déi se fir déi Investitiounen kënnen ufroen.