Roland Garros
Stan Wawrinka géint Rafael Nadal an der Finall

© afp
De Schwäizer setzt sech an der Halleffinall zu Roland Garros a 5 Sätz, 6:7, 6:3, 5:7, 7:6 a 6:1 géint den Andy Murray, Nummer 1 op der Welt, duerch.
An där anerer Partie wënnt de Spuenier Nadal kloer an 3 Sätz, 6:3, 6:4 an 6:0 géint den Éisträicher Dominic Thiem.

© Jeff Kettenmeyer / RTL Radio Lëtzebuerg
Bei den Damme steet d'Finall scho fest. Hei sti sech d'Jelena Ostapenko an d'Simona Halep géigeniwwer. De Match ass e Samschdeg um 15 Auer.
Am meeschte gelies