Den Nowuessspiller Billy Vigar hat sech wärend engem Match schwéier um Kapp blesséiert a war an ee kënschtleche Koma geluecht ginn.

An der 7. englescher Liga koum et de leschte Weekend zu engem schlëmmen Accident, dee fir de Billy Vigar déidlech Suitten hat. E Samschden hat sech de Stiermer wärend engem Match uerg um Kapp blesséiert. Wéi genau et zu dësem Accident komm ass, ass nach net kloer. Wéi d'BBC schreift, wier den 21 Joer ale Futtballspiller mat enger Bëtongsmauer kollidéiert. Nodeems en an ee kënschtlechen Koma geluecht gi war, haten d'Dokteren en Dënschden probéiert, mat enger Operatioun säin Liewen ze retten. Obschonns d'Operatioun gutt verlaf ass, hu sech d'Verletzungen als ze schwéier erausgestallt. En Donneschden ass den Englänner un de Suitte verstuerwen.

Ausgebilt gouf de Billy Vigar an der Jugendakademie vum FC Arsenal. Nodeems en zweemol verléint gi war, huet de Stiermer 2024 de Veräin a Richtung Hastings United verlooss. Fir d'lescht stoung hie beim Chichester City FC, engem Veräin aus der 7. englescher Liga, ënner Kontrakt.

Englesch Futtballwelt steet ënnert Schock
Säi Veräin Chichester City FC huet en Donneschden den Owend op de Soziale Medien ee Statement verëffentlecht an hiert déifste Matgefill ausgedréckt. Dobäi schreift de Club aus dem Süd-Oste vun England: "Seng Famill ass um Bueden zerstéiert, datt dëse schrecklechen Accident ausgerechent wärend dem Spille vu sengem geléifte Futtball geschitt ass."

Och säin Ex-Veräin, den FC Arsenal, huet sech schockéiert gewisen.