D'Halleffinalle stinn elo fest. An zwee reng europäeschen Dueller kënnt et zu de Matcher Tschechien géint Bulgarien a Polen géint Italien.

Béid Iwwerraschungsekippen aus den Aachtelsfinallen hunn et also dës Kéier net gepackt. Schonn am éischte Saz hunn d'Polen hir Favoritteroll géint d'Tierkei ënnerstrach. De 25-15 huet Leon, Kochanowski a Co déi néideg Confiance gi fir de Match zu all Moment ënner Kontroll ze halen. Den zweete Saz war wuel méi enk, an awer konnten d'Tierke beim 22-25 net genuch Konstanz op den Terrain bréngen. Och den drëtte Saz war mat 25-19 éischter eng Formsaach.

Vum Match tëschent den Italieener an de Belsch hat ee sech vill erwaart. An der Virronn konnten eis Noperen den aktuelle Weltmeeschter nach mat 3-2 bezwéngen. Mee d'Südeuropäer wollte sech revanchéieren. Vum éischte Punkt un hunn Giannelli, Michielotto a Romanov Vollgas ginn. Italien war perfekt op déi belsch Ugräifer Reggers an Deroo agestallt, hunn alles verdeedegt a selwer esou vill Drock gemaach, datt d'Belsch éischter seelen duerch d'Mëtt punkte konnten. Am éischte Saz waren d' Belsch kloer iwwerfuerdert. Um Enn steet eng kloer 3-0 Victoire (25-13, 25-18, 25-18) fir Italien um Pobeier.

An der drëtter Véierelsfinall hunn d'Iraner den éischte Saz géint d'Tscheche voll opgedréint. Mat vill Asaz an Emotioune konnten si den éischte Saz mat 25-22 fir sech decidéieren. Och den Ufank vum zweete Saz waren d'Iraner déi besser Ekipp. Mat der Zäit huet een awer gemierkt, ewéi de Momentum gewiesselt huet. Um Enn vum zweete Saz huet den iranesche Coach esouguer säi Kapitän, wéint ze villen "unforced errors", vum Terrain geholl. Ma och den neie Mann um Terrain konnt de 25-27 net méi verhënneren. D'Tschechen, déi fir d'éischte Kéier an der Ronn vun de leschten 8 bei enger WM stoungen, haten d'Nervositéit elo ofgeluecht. Mat grousser Iwwersiicht hunn Indra a Vasina d' Iraner deelweis virgefouert, fir um Enn och d'Sätz 3 a 4 mat 25-20 a 25-21 ze gewannen.

Géigner vun den Tschechen ass Bulgarien. An engem u Spannung an Dramatik kaum ze iwwertreffende Match hunn d' Bulgare missen en 0-2 Sazréckstand géint d'USA ophuelen. D'Amerikaner haten an den éischten zwee Sätz haaptsächlech vun de villen Eegefeeler vun de Bulgare profitéiert. Donieft konnte Gabi Garcia a Micah Christenson mam Service punkten. Nom Säitewiessel (bei dëser WM eréischt nom zweete Saz) hunn d'Bulgaren de Respekt ofgeluecht an d'Nikolov-Bridder hunn dem Match hire Stempel opgedréckt. Mat alle Kierperdeeler hunn d'Bulgaren sech an d'Bäll geheit, fir hiren Terrain ze verteidegen an d'USA zu Feeler ze zwéngen.

Am fënneften an decisive Saz waren d'Bulgare vun Ufank un a Féierung. Bei 14-11 hate si esouguer 3 Matchbäll. Nodeems si beim 14-12 als éischt de Punkt zougesprach kruten, hu si sech nach ze fréi gefreet. De Videochallenge huet bewisen, datt d'Amerikaner nach e Punkt sollte maachen an op 13-14 verkierze konnten. Eng spektakulär Attack duerch d'Mëtt huet awer dunn den Deckel fir d'Bulgaren dropgemaach.

Domat lieft den Dram vun der éischter WM-Medaile fir Bulgarien zënter 1970 weider.

De Programm vun den Halleffinallen, déi de Samschdeg 27. September gespillt ginn:

8h30 Tschechien - Bulgarien
12h30 Polen - Italien