Lille, Porto, Stuttgart an Aston Villa setze sech duerch

© Sameer Al-DOUMY / AFP
No de 9 Partië vum éischte Spilldag, déi e Mëttwoch gespillt goufen, war et en Donneschdeg Owend d'Suite mat weidere 9 Matcher.
Fréi am Owend hat den OSC Lille déi staark Norweger vu Brann Bergen op Besuch. D'Fransouse konnte sech mat 2:1 duerchsetzen. Den agewiesselten Olivier Giroud hat an der 80. Minutt den Deckel dropgemaach. Den FCS Bukarest goung 1:0 op Deventer an Holland bei d'Go Ahead Eagles wannen.
Jeeweils mat 1:0 hu sech Aston Villa géint Bologna, a Lyon zu Utrecht duerchgesat. Stuttgart war Celta Vigo mat 2:1 iwwerleeën, an de KRC Genk goung 1:0 op Glasgow bei d'Rangers wannen.
Salzburg huet an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit déi batter Pëll musse schlécken, wéi de William Gomes fir Porto den eenzege Gol vum Match markéiere konnt. D'Young Boys vu Bern hate schonn an der Hallschent mat 1:3 géint Panathinaikos Athen am Réckstand geleeën. D'Griiche konnten um Enn nach e véierte Gol schéissen, a stinn domat nom éischte Spilldag un der Spëtzt vun der Europa-League-Tabell.
Déi weider Resultater am Iwwerbléck: