Zu Kigali am Ruanda gëtt nach bis e Sonndeg d'Weltmeeschterschaft am Vëlossport op der Strooss gefuer.

En Donneschdeg ass d'Marie Schreiber an der Stroossecourse vun den U23-Dammen op déi 25 Plaz gefuer. D'Lëtzebuergerin ass eng gutt Course gefuer, huet an de leschte Kilometere virun der Arrivée awer misse lassloossen. Si hat e Retard vu véier Minutten an 13 Sekonnen op d'Weltmeeschterin Célia Gery aus Frankräich.

Op Plaz 2 koum d'Slowakin Viktória Chladoňová op zwou Sekonnen. De Podium huet d'Paula Blasi aus Spuenien mat engem Retard vun 12 Sekonne komplettéiert.

D'Gwen Nothum, déi mat 18 Joer an 343 Deeg als zweetjéngste Starterin un den Depart gaange war, ass d'Course net op en Enn gefuer.

De Parcours war mat 119,3 Kilometer an 2.435 Héichtemeter usprochsvoll.