Titelverdeedeger FC Déifferdeng trëfft op Péiteng. De Racing, Coupegewënner bei den Dammen, spillt géint Mäerzeg aus der 3. Liga.

E Freideg de Mëtteg goufen am Futtball d'Coupematcher vum nächsten Tour vun den Dammen an Hären ausgeloust.

An der 1/16-Finall vun der Coupe de Luxembourg bei den Hären treffen direkt puer BGL-Ligue-Ekippen openeen. Ugefaange mam Titelverdeedeger Déifferdeng, deen op Péiteng, den Tabelleleschten aus dem Championnat, trëfft. D'Jeunesse Esch, déi sech réischt am Eelefmeterschéissen géint Miedernach aus der 1. Divisioun duerchsetze konnt, kritt et mam Progrès Nidderkuer ze dinn. Den aktuellen Tabellenleader Diddeleng spillt géint Biissen, Käerjeng a Mamer kréien et mateneen ze dinn an Hesper huet Hueschtert op Besuch.
 
Käerch ass eng vun den Iwwerraschungsekippen. De Veräin aus der 1. Divisioun konnt sech 2:0 géint den FC Koeppchen aus der Éierepromotioun duerchsetzen a kritt et elo mam Haaptstadveräin FC Luxembourg City aus der Éierepromotioun ze dinn.

Bei den Damme kritt den Underdog Mäerzeg aus der 3. Liga et mam Titelverdeedeger Racing ze dinn, déi an der Ronn virdrun d'Wuermer Damme mat 14:0 deklasséiert haten. Rëmeleng och aus der 3. Liga gesäit sech an enger änlech schwéierer Situatioun, si treffen op Mamer aus der 1. Liga. Dikrech géint Beetebuerg, versprécht ee spannende Match ze ginn.