Manchester United a Juventus Turin wannen

© AFP (Archivbild)
Um Sonndeg goufen et weider Partien am internationale Football.
D'Juve klappt Bologna. Mailand verléiert mat 0:3 géint Hellas Verona an an England klapp Manchester United d'Equipe vu West Bromwich.
Serie A
Den Titelverdeedeger Juventus Turin konnt sech um Sonndeg kloer mat 3:0 zu Bologna behaapten. De Miralem Pjanic huet no 27 Minutte fir den 1:0 gesuergt. Och um zweete Goal war de Pjanic bedeelegt. Hien zerwéiert de Mandzukic, deen den 2:0 markéiere kann. No der Paus konnt de Matuidi nach een drëtte Goal fir d'Juve schéissen.
Net esou gutt gelaf ass et fir den AC Mailand. Si hu sech um Sonndeg mat 0:3 géint Hellas Verona misse geschloe ginn. De Carracciola huet schonns no 24 Minutten den 1:0 geschoss. An der zweeter Hallschent hunn de Kean an de Bessa nach getraff fir d'Lokalequipe. Ee weidere Réckschlag fir Milan gouf et an der 91. Minutt, ewéi de Suso sech nach eng rout Kaart geleescht huet.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell aus der Serie A am Iwwerbléck
Premier League
Um Sonndeg huet den Tabellenzweete Manchester United sech schwéier gedoen géint West Bromwich, ma um Enn konnte si awer mat 2:1 gewannen a leie mat 11 Punkte Retard op Manchester City op der zweeter Plaz an der Tabell. De Lukaku konnt an der 27. Minutt den 1:0 schéissen. 8 Minutte méi spéit hat de Lingard fir den 2:0 gesuergt. De Barry konnt fir West Bromwich nach op 1:2 verkierzen, ma et sollt net méi duergoen.
Liverpool konnt um Sonndeg eng kloer Victoire feieren géint Bournemouth. Um Enn stoung et 4:0 fir d'Reds. De Coutinho, de Lovren, de Salah an de Firmino hu fir Liverpool markéiert.
LINK: All d'Matcher an d'Tabell aus der Premier League am Iwwerbléck