Grouss Lëtzebuerger Delegatioun reest a Frankräich

© Val Wagner
No der Cyclissem-Weltmeeschterschaft d'lescht Woch zu Kigali am Ruanda steet vum 1. bis de 5. Oktober d'EM op der Strooss vun der Dier.
Um Programm steet zu Valence am franséischen Departement Drôme et Ardèche am Süde vu Frankräich, souwuel een Eenzel- an Ekippe-Mixed-Zäitfueren, wéi och d'Stroossecourssen an den jeeweilege Kategorien. Mat dobäi sinn ënner anerem bei der Elite bei den Hären den Arthur Kluckers, den Alex Kirsch, de Kevin Geniets an de Mats Wenzel. Bei den Elite-Damme ginn déi Lëtzebuerger Faarwe vum Nina Berton vertrueden. Donieft ginn bei den U23-Dammen ënner anerem d'Marie Schreiber an d'Gwen Nothum un den Depart.
E Mëttwoch steet de Contre-la-Montre an deenen eenzele Kategorien um Programm. D'Ekippe-Mixed-Zäitfueren ass en Donneschdeg. Déi eenzel Coursse sinn dann e Freideg bis e Sonndeg. Hei fannt Dir déi komplett Selektioun vun der Lëtzebuerger Delegatioun.
International gutt besat
Mam frëschgebakene Weltmeeschter Tadej Pogacar, dem zweefache Vainqueur vun der Grande Boucle, dem Jonas Vingegaard an dem Remco Evenepoel sinn déi dräi grouss Nimm aus dem Tour de France zu Valence mat dobäi. Bei den Dammen geet ënner anerem d'Gewënnerin vum Tour de France Femmes, d'Pauline Ferrand-Prévot, un den Depart.