En Dënschdegowend hunn den Atletico Madrid an d'Eintracht Frankfurt fir den Optakt vum zweete Spilldag an der Champions-League-Qualifikatioun invitéiert.

An dësem sinn d'Gäscht aus der Main-Metropol awer ouni Chance bliwwen. No 90 Minutte musse si sech kloer geschloe ginn. Den Altetico Madrid gewënnt deemno, no iwwerzeegender an dominéierender Leeschtung, 5:1 géint Eintracht Frankfurt, dat defensiv dacks gewackelt huet an, op dee ganze Match gekuckt, eng onsécher Performance gewisen huet.

Vill Goler hunn d'Spectateuren am zypriotesche Pafos gesinn. D'Lokalekipp Pafoc FC zitt hei 1:5 de Kierzere géint de Favorit Bayern München. Fir eng Iwwerraschung sollt Galatasaray Istanbul suergen. Si gewannen 1:0 géint den Tabelleprimus Liverpool aus England. Dem norwegesche Veräin Bodö/Glimt sollt iwwerdeems bal dat selwecht Konschtstéck geléngen. No enger monterer Prestatioun kréien d'Norweger spéit den Ausgläich geschoss, soudatt si 2:2 géint de Favorit Tottenham Hotspurs spillen.

Donieft ka sech de Real vu Madrid kloer mat 5:0 am kasacheschen Almaty duerchsetzen. Atalanta Bergamo dréint en 0:1-Retard a ka sech um Enn 2:1 géint Club Brugge behaapten. Eng enttäuschend Leeschtung hunn d'Spiller vun Ajax Amsterdam un den Dag geluecht. Si verléiere kloer 0:4 géint Olympique Marseille.

Den Inter Mailand léisst näischt ubrennen a gewënnt souverän mat 3:0 géint Slavia Prag. Chelsea gewënnt géint Benfica Lissabon 1:0 an dëst duerch e fréien Eegegol vum Benfica Spiller Rios. De Lëtzebuerger Leandro Barreio gouf an der 77. Minutt vum Trainer Mourinho agewiesselt. Hien huet deen Ament de Rios ersat, dee fir den Eegegol responsabel war.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Atletico Madrid - Eintracht Frankfurt 5:1
1:0 Raspadori (4'), 2:0 Le Normand (33'), 3:0 Griezmann (45'+1), 3:1 Burkardt (58'), 4:1 Simeone (70'), 5:1 Alvarez (82', Eelefmeter)

D'Goler vum Match tëscht Ateltico Madrid an Eintracht Frankfurt
Ganzer 6 Goler kruten d'Spectateuren zu Madrid ze gesinn.

Nodeems d'Gäscht aus der Main-Metropol mat enger 5:1-Victoire géint Galatasaray an d'Champions-League-Saison gestart waren, sinn dës mat enger breeder Broscht op Madrid gereest, a voller Hoffnung fir do nees eng änlech Prestatioun ze weisen. Mä den Atletico, deen am éischte Match géint Liverpool de Kierzere gezunn hat, huet den Däitschen eng kal Dusch zerwéiert. Schonns no 4 Minutte louch de Ball fir d'éischte Kéier am Frankfurter Filet. Et war de Raspadori, dee vun engem schlechte Klärungsversuch vum Frankfurter Theate profitéiert huet, fir de Score op 1:0 ze setzen. D'Frankfurter hate Krämpes a waren am weidere Verlaf vum Match gezeechent vun dësem fréie Géigegol. Esou war den Atletico weiderhin déi méi geféierlech Ekipp. An der 17. Minutt hat den Alvarez den 2:0 um Fouss léieren, mä de Mann am Frankfurter Gol, de Kaua Santos, konnt de Ball mat der Broscht paréieren. Deemno vëlleg verdéngt ass d'Lokalekipp dunn och mat 2:0 a Féierung gaangen. Et war de Le Normand, deen an der 33. Minutt no engem Corner komplett fräi virum Gol vun der Eintracht opgedaucht war a keng Problemer hat, fir de Ball am Gol ënnerzebréngen. Dobäi huet de Spuenier awer dovu profitéiert, datt de Ball am Strofraum vun de Frankfurter Collins a Kaua Santos ofgefälscht ginn ass, soss wier de Ball guer net beim Le Normand gelant. D'Eintracht vu Frankfurt huet weiderhi kee Land gesinn a krut géint eng gutt Ekipp vum Ateltico kee Fouss op de Buedem. D'Spuenier sollten an der éischter Hallschent dorausser och weidert Kapital schloen: An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ass den Alvarez nach eng Kéier duerch de Frankfurter Strofraum spadséiert an huet de Ball du gutt fir de Griezmann opgeluecht. Den erfuerene Fransous hat du keng Problemer méi, fir de Kaua Santos ze bezwéngen an de Score op 3:0 ze setzen.

Nom Säitewiessel haten d'Frankfurter vill Ballbesëtz. Si hu probéiert, de Ball dréinen ze loossen an e Lach an der spuenescher Defense ze fannen. Dëst sollt hinnen och dës Ëftere geléngen. Esou an der 54. Minutt, an där d'Gäscht no enger séierer Ëmschaltsituatioun du fir déi éischte Kéier geféierlech virum Oblak opdauche sollten. Mä den Uzun huet mat sengem Schoss de Gol knapps verfeelt, soudatt den Oblak net méi huet missen agräifen. Kuerz drop sollten d'Frankfurter awer e Gol fannen. Et war de Burkardt, deen an der 58. Minutt goldrichteg stoung an e Ball vum Knauff zum 1:3 verwäerte konnt. Mä de Frankfurter Optimismus war nëmme vu kuerzer Dauer. Schonns an der 70. Spillminutt konnt den Atletico duerch de Simeone no engem schéine Corner den alen Ecart nees hierstellen. Et stoung deemno 4:1, soudatt e Frankfurter Comeback ëmmer méi onwarscheinlech ginn ass. De Frankfurter Stecker war doropshi gezunn an et war den Atletico, dee bis zum Schluss den Toun um Terrain uginn huet. Esou konnt den Atletico nach e weidere Gol markéieren. Dës Kéier war et den Alvarez, dee mat engem verwandelten Eelefmeter an der 82. Minutt seng gutt Leeschtung kréine konnt. No 90 Minutte steet deemno eng 5:1-Victoire fir den Atletico um Bou, eng Victoire, déi zu kengem Ament a Gefor war an déi och an der Héicht duerchaus verdéngt ass.

Pafos FC - Bayern München 1:5
0:1 Kane (15'), 0:2 Guerreiro (21'), 0:3 Jackson (31'), 0:4 Kane (34'), 1:4 Orsic (45'), 1:5 Olise (68')

De Resumé vum Match Pafos FC géint Bayern München
Ganzer sechs Goler kruten d'Spectateuren am zypriotesche Pafos ze gesinn.

Bodö/Glimt - Tottenham Hotspurs 2:2
1:0 Hauge (53'), 2:0 Hauge (66'), 2:1 Van de Ven (68'), 2:2 Gundersen (89', Eegegol)

De Resumé vum Match Bodö/Glimt géint Tottenham Hotspurs
Bodö/Glimt stoung knapps virun der Iwwerraschung, huet awer kuerz viru Schluss nach e Géigegol schlécke missen.

Galatasaray Istanbul - FC Liverpool 1:0
1:0 Osimhen (16', Eelefmeter)

FC Chelsea - Benfica Lissabon 1:0
1:0 Rios (18', Eegegol)

D'Resuméë vun de Matcher Chelsea géint Benfica a Galatasaray géint Liverpool
Souwuel Chelsea ewéi och Galatasaray kënnen hir Matcher knapps mat 1:0 fir sech entscheeden.

Inter Mailand - Slavia Prag 3:0
1:0 Martinez (30'), 2:0 Dumfries (34'), 3:0 Martinez (65')

Olympique Marseille - Ajax Amsterdam 4:0
1:0 Igor Paixao (6'), 2:0 Igor Paixao (12'), 3:0 Greenwood (26'), 4:0 Aubameyang (52')

D'Resuméë vun de Matcher Marseille géint Amsterdam an Inter géint Prag
Marseille léist Amsterdam keng Chance an den Inter vu Mailand huet och keng Problemer mat Prag.

Qairat Almaty - Real Madrid 0:5
0:1 Mbappé (25', Eelefmeter), 0:2 Mbappé (52'), 0:3 Mbappé (73'), 0:4 Camavinga (83'), 0:5 Brahim Diaz (90'+3)

Atalanta Bergamo - Club Brugge 2:1
0:1 Tzolis (38'), 1:1 Samardzic (74', Eelefmeter), 2:1 Pasalic (87')

D'Resuméë vun de Matcher Real géint Almaty a Bergamo géint Brugge
De Real Madrid léisst am Kasachstan näischt ubrennen. Bergamo dréint an der zweeter Hallschent de Match géint Brugge.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.