Cyclissem-EM op der StroossMarlen Reusser a Remco Evenepoel Europameeschter am Zäitfueren

RTL Lëtzebuerg
Op de 24 Kilometer vu Loriol op Etoile konnt sech de Belsch kloer géint de Filipo Ganna behaapten. Beschte Lëtzebuerger gëtt den Alex Kirsch op Plaz 16.
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP

Am franséischen Departement Drôme et Ardèche am Süde vu Frankräich gi bis de fënneften Oktober d’Europameeschterschaften am Cyclissem organiséiert. E Mëttwoch war et an de jeeweilege Kategorien de Contre-la-montre.

Bei den Häre goungen nieft néng nationalen Zäitfuer-Championen den Alex Kirsch an den Arthur Kluckers op de Parcours. No de 24 Kilometer komme si op déi 16. an déi 17. Plaz. Den Alex Kirsch konnt sech hei mat 4 Sekonnen géint säin Landsmann duerchsetzen an hat ee Retard vun 2:34 op déi 1. Plaz. Den Europameeschtertitel war fir den dräifache Weltmeeschter Remco Evenepoel, deen dem Italiener Filipo Ganna 43 Sekonnen ofhuele konnt. Als Drëtte konnt sech mat engem Retard vun enger Minutt an néng Sekonnen den Dän Niklas Larsen klasséieren.

D’Elitt vun den Dammen ass ouni lëtzebuergesch Bedeelegung gefuer. Hei war den Titel fir d’Marlen Reusser aus der Schwäiz, déi virun enger gudder Woch scho Weltmeeschterin gi war an der nämmlechter Disziplin. De Podium gouf vun der Norwegerin Mie Bjørndal Ottestad (+49"20) an der Hollännerin Mischa Bredewold (+51"08) komplettéiert.

D'Marlen Reusser op der Arrivée
D’Marlen Reusser op der Arrivée
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP

Déi weider Resultater vun de Lëtzebuerger

Bei den U23-Damme ware mam Marie Schreiber a mam Gwen Nothum zwou Lëtzebuergerinne gemellt. Nodeems déi national Championne krank war an eng schwiereg WM hannert sech huet, gouf decidéiert d’Ekippe-Mixed-Zäitfueren en Donneschdeg ze prioriséieren an d’Eenzeldisziplin auszeloossen. D’Gwen Nothum koum ënner 36 Starterinne mat engem Retard vun 2'46"87 op déi 23. Plaz. Nei Europameeschterin gouf d’Federica Venturelli aus Italien, virum Anniina Ahtosalo (+48"76) an dem Luca Vierstraete (+51"66).

Bei den U23 vun den Häre war mam Mathieu Kockelmann ee Lëtzebuerger um Depart. Hie gëtt ënner 35 Konkurrenten mat engem Retard vu 50 Sekonnen deen 11. a verpasst d’Top10 ëm just véier Sekonnen. Als Europameeschter konnt sech de Jonathan Vervenne aus der Belsch feiere loossen, viru sengem Landsmann Mathis van Kerckhove (+1"66), dee sech Sëlwer séchere konnt. D’Bronzemedail goung un den Adam Rafferty aus Irland (+6"05).

Am Zäitfuere vun de Juniore konnt sech de Lëtzebuerger Flavio Astolfi als 25. klasséieren (+2'18"02). Den Titel goung an där Kategorie un de Michiel Mouris. Den hollänneschen Titelverdeedeger hat sech op der rezenter WM och d’Goldmedail geséchert. De Conor Murphy (+4"64) an de Løvstrup Julius BIRKEDAL (+27"48) séchere sech Sëlwer a Bronze. Bei de Juniorinne goung et iwwer 12,5 Kilometer a mam Elena Lopes war eng Lëtzebuergerin um Start. Si huet sech ënner 58 Konkurrentinnen mat engem Retard vu knapp dräi Minutten als 38. klasséiert, wärend sech d’Spuenierin Paula Ostiz Paco iwwert den Titel freeë konnt. D’Magdalena Leis (+2"41) gëtt 2. an d’Oda Aune Gissiinger (+10"57) packt et op déi 3. Plaz.

De weidere Verlaf vun der EM

D’Ekippe-Mixed-Zäitfueren steet en Donneschdeg um Programm. E Samschde wäert dann d’Stroossecourse vun der Elite bei den Dammen an e Sonndeg déi vun den Häre gefuer ginn. Mam frëschgebakene Weltmeeschter a véierfache Gewënner vum Tour de France Tadej Pogacar, dem Jonas Vingegaard an dem Remco Evenepoel sinn déi dräi grouss Nimm aus dem Tour de France zu Valence mat dobäi. Bei den Damme geet ënner anerem d’Gewënnerin vum Tour de France Femmes Pauline Ferrand-Prévot un den Depart.

Back to Top
CIM LOGO