Bierchem a Péiteng am Final 4, Red Boys hu Protest ageluecht
E Freideg goufen 2 Partië vun de Véirelsfinallen an der Coupe am Handball gespillt. Nieft Red Boys-Bierchem war et nach d'Renconter Péiteng-Schëffleng.
Déi Déifferdenger Red Boys hunn, no der Eliminatioun no 7-Meter-Schéissen an der Véirelsfinale vun der Coupe, Protest ugemellt. D'Aktioun déi ugefächt gëtt, war e puer Sekonne virum Schluss vun der regulärer Spillzäit, wou den Déifferdenger Goalkeep eng rout Kaart gewise krut an et e 7 Meter ze schéisse gouf fir déi Réiserbänner.
Déi Déifferdeng haten no deem 7-Meter-Schéisse géint Bierchem verluer. De Match war an d'Verlängerung gaangen beim Stand vu 26:26, no der Verlängerung stoung et dunn 37:35.
An der zweeter Partie haten um Freideg nach Péiteng a Schëffleng géinteneen gespillt. Péiteng huet 40:36 géint Schëffleng gewonn.
E Samschdeg stécht ee Match ervir. Nämlech Esch géint Käerjeng. Déi Escher hunn déi leschte Saison d'Coupe gewonnen. An dëser Saison hu béid Equippen am Championnat schonns 2 Mol géintenee gespillt an dat waren allkéiers ganz serréiert Matcher. Deen éischten hunn déi Escher bei sech op 1 Goal gewonnen an der zweeter Partie gouf et zu Käerjeng ee Gläichspill.
Fir de Loris Nicoletti a seng Käerjenger Equipe geet et e Samschdeg den Owend ëm vill, hei wäert sech nämlech da schonn d'Saison entscheeden.
An der zweeter Partie um Samschdeg geet de Museldall mat 3 Goaler Avantage an d'Partie géint Diddeleng. Alles anescht wéi eng Victoire vum HBD wier awer eng ganz grouss Iwwerraschung.
Déi Bierchemer hunn um Freideg iwwerdeems matgedeelt, dass déi zwee Matcher vun der Aachtelsfinall am Challenge Cup géint d'Ukrainer vun Zaporozhye zu Krautem gespillt ginn. Den Allersmatch ass den 10. Februar, de Retourmatch deen Dag drop.