Ettelbréck wënnt souverän zu Esch, Bartreng bleift ongeschloen

© Emile Mentz (Archiv)
Um Samschdeg war an der Enovos League bei den Hären an Dammen den Optakt vum 4. Spilldag.
Hären
De Champion Etzella Ettelbréck wënnt den Toppmatch auswäerts mat 95:70 géint de Basket Esch. No enger equilibréierter éischter Hallschecht hunn d'Gäscht den Tempo no der Paus an d'Luucht geschrauft a sech lues a lues ofgesat. Esch hat eng schwaach Trefferquot vun nëmmen 32 Prozent a konnt sech net méi zeréck an de Match kämpfen. Den Adrian Delph (23 Punkten) an de Philippe Gutenkauf (21) hu bei de Gäscht déi meescht Punkte geworf.
D'Sparta Bartreng bleift no engem 86:76-Erfolleg auswäerts géint den AB Conter ongeschloen un der Spëtzt vun der Enovos League. 30 Punkte goungen op de Kont vum Jarvis Williams bei de Gäscht.
Den T71 Diddeleng wënnt en enke Match mat 86:85 auswäerts zu Walfer. Mat 25 Punkten a 14 Rebounds konnt de Mekhi Long iwwerzeegen.
E weidere spannende Match hunn d'Supporter op der Musel gesinn, hei setze sech d'Pikes mat 89:85 géint den Opsteiger Racing Lëtzebuerg duerch. An enger enker Schlussphas huet den Tom Welter d'Lokalekipp mat engem schwéiere Worf entscheedend a Féierung bruecht. 23 Punkte goungen op de Kont vum Sam Streef.
D'Arantia Fiels notzt e staarken drëtte Véierel (37:16), fir sech auswäerts géint d'Kordall Steelers ofzesetzen a wënnt um Enn 101:85. Fënnef Spiller vun de Gäscht hunn op d'mannst 14 Punkte markéiert, ënner anerem de jonken Edson De Sousa, deen 18 Punkten annetze konnt.
Dammen
Bei den Damme gouf de komplette 4. Spilldag gespillt.
Den T71 Diddeleng bleift ongeschloen un der Tabellespëtzt, dat nom enger knapper 79:75-Victoire auswäerts zu Esch no Verlängerung. D'Lauren Van Kleunen (20 Punkten) an d'Beatriz Gomes (18) hu bei de Gäscht am beschte getraff.
D'Amicale Steesel setzt sech auswäerts däitlech mat 83:53 géint d'Musel Pikes duerch. D'Lokalekipp huet ouni Profispillerin gespillt a war och doduerch net konkurrenzfäeg. Bei de Gäscht hunn all 11 Spillerinne Punkte markéiert, d'Marie Stoffel hat mat 17 déi meeschte Punkten um perséinleche Kont.
D'Sparta Bartreng wënnt auswäerts 81:67 zu Wolz. D'Naomi Davenport konnt 27 Punkte fir d'Gäscht markéieren, d'Jordan King hat um Enn 24 Punkten um Kont.