Bierchem stolpert bal iwwer Esch

© Screenshot
Déifferdeng bleift no der Victoire géint Dikrech ongeschloen, wärend Käerjeng sech am Ofstigskampf Loft verschaaft. Bei den Dammen ass Déifferdeng Éischten
Axa League Hären
Bierchem géint Esch war am Ufank vun den 2000er-Joren e Match, dee fir Spannung a Kampf stoung. Um 5. Spilldag vun der Saison 2025/26 ware Spannung a Kampf wuel och present, mee de Match war phaseweis schwéiere Kascht fir d'Spectateuren. Dat opgrond vun de villen technesche Feeler a Feelpassen op béide Säiten. Um Enn dierfe sech d'Réiserbänner iwwer en 31:28 an déi véiert Victoire an dëser Saison freeën. Esch konnt Bierchem deemno, net wéi Diddeleng, kee Bee stellen.
D'Escher hu mat hirem klenge Kader iwwer de Gros vum Match gutt matgehalen an hunn am éischten Duerchgang wéi déi besser Ekipp gewierkt. Virun allem d'Bandspiller Lou Fancelli a Felix Werdel konnten an dësem Match mat 7 respektiv 9 Goler (5 Siwemeter) op sech opmierksam maachen a goufe vun hire Matspiller an Zeen gesat. Bierchem huet eng Zäit gebraucht, fir an de Match ze fannen. Dat louch och dorun, dass d'Gäscht de Raphael Guden, deen an de leschte Woche grouss opgespillt huet, gutt am Grëff haten. Hie koum um Enn wuel op 6 Goler, mee hat just 3 Goler aus dem Spill eraus. Ausserdeem hunn d'Escher de Bierchemer Spillmaacher dacks op Manndeckung geholl.
Wie gemengt hat, d'Qualitéit vum Match géif no der Paus (17:16 fir Esch) besser, gouf enttäuscht. Weiderhin hu sech Feelpass an technesche Feeler op béide Säiten unenee gereit. Doduerch blouf de Score och ëmmer zimmlech enk. Bis an d'50. Minutt huet et gewierkt, wéi wann Esch d'Iwwerhand behale sollt, mee dunn ass bei de Gäscht de Fuedem gerass a si hu sech méi mat Arbitterdecisioune wéi mam Match beschäftegt. Sou konnt Bierchem de Match an der Crunchtime nach zu senge Gonschten dréinen a gewënnt eng éischt Kéier e Spëtzematch, nodeems ee bis elo virun allem géint einfach Géigner gespillt hat.
Den HB Käerjeng däerf sech iwwer déi éischt Punkten an dëser Saison freeën. Géint d'Esperance Rëmeleng gouf et eng kloer a verdéngt 33:24-Victoire. Den HBK bleift wuel ënnen an der Tabell, huet awer elo déi selwecht Punktzuel wéi Rëmeleng an Dikrech um Kont. Ënnert der Woch haten déi Gréng d'Verflichtung vum Ex-Escher Ognjen Jokic an den Ofgang vum Däitsche Philipp Kiefer matgedeelt.
No der Victoire an der Coupe géint Schëffleng wollt Käerjeng am wichtegen Duell ëm Plaz 6 nozéien an hunn dat vun Ufank u gewisen. No 14 Minutte stoung et 8:2 fir d'Lokalekipp, woumat Rëmeleng fréi engem grousse Réckstand hannendru gelaf ass. Ugedriwwe vum Neizougang Jokic, deen insgesamt 7 Mol markéiert huet, konnt Käerjeng dëse Virsprong bis an d'Paus halen (18:11). Rëmeleng ass et och am zweeten Duerchgang net gelongen, de Réckstand groussaarteg ze verkierzen. Ab der 48. Minutt louche si souguer mat 10 Goler zeréck a konnten de Réckstand mam leschte Schoss nach eestelleg halen. Nieft dem Jokic war bei Käerjeng virun allem den Armin Zekan mat 8 Goler Man of the Match. Et bleift ofzewaarden, ob dat den Turnaround fir den HBK ass.
D'Red Boys Déifferdeng bleift no der 35:16-Victoire géint de Chev Dikrech ongeschloen a steet weider un der Tabellespëtzt. Am Laf vun der Woch gouf bekannt, dass et an der Dikrecher Sportshal Waasserschied gëtt an d'Infrastruktur dowéinst bis Enn des Joers zoubleift. Dohier gouf d'Heemrecht kuerzerhand getosch an de Match zu Uewerkuer ausgedroen.
No haselegen éischte Minutte koum d'Red Boys besser an de Match. Dikrech konnt Déifferdeng bis an d'20. Minutt wuel de Bass halen (12:8), mee du sinn hinnen d'Kären ausgaangen an Déifferdeng konnt sech bis an d'Paus op 18:11 ofsetzen. Am zweeten Duerchgang haten d'Gäscht näischt méi entgéintzesetzen an hu sech hirem Schicksal erginn. Si sollten an de leschten 10 Minutte kee Gol méi schéissen, firwat de Score um Enn esou héich ausgefall ass.
D'Partie Diddeleng géint de Standard gouf wéinst dem Diddelenger Match am European Cup dëse Weekend op den 8. November verluecht.
D'nächst Woch falen d'Matcher vum HC Bierchem an der Red Boys Déifferdeng aus, well si dann op internationalem Plang agräifen.
Axa League Dammen
Genee wéi bei den Häre stoung och bei den Dammen de 5. Spilldag um Programm, awer an enger verkierzter Versioun.
Fir den Escher Trainer Laurent Melchior gouf et am éischte Match géint seng al Ekipp näischt ze huelen. D'Red Boys Déifferdeng hu sech ouni Problemer 34:15 géint den HB Esch duerchgesat. Virun allem d'Rijalda Cilovic konnt mat 11 Goler aus dem Spill eraus op Déifferdenger Säit iwwerzeegen.
D'Gäscht konnten de Match an den éischten 20 Minutten nach enk gestalten (6:9), mee duerno huet Déifferdeng bis zur Paus e 5:0-Laf gestart, deen d'Virentscheedung war. Scheuren, Kupke a Co hunn Esch och nom Säitewiessel net méi an de Match komme gelooss a konnten de Virsprong bei 10 Goler halen. Wat de Match méi al gouf, ass och d'Avance vun Déifferdeng geklommen - de Maximum waren 20 Goler.
Domat steet Déifferdeng an der onkompletter Tabell op der éischter Plaz. De Spëtzematch tëscht dem HB Diddeleng an dem HB Käerjeng gëtt eréischt ugangs Dezember ausgedroen.
Den HB Museldall huet sech déi éischt 25 Minutte beim HC Standard schwéier gedoen, gewënnt um Enn awer kloer mat 28:17. Säin Neizougang Raïssa Dapina war mat 7 Goler bescht Buteuse vum Match.