Victor Bettendorf wënnt den CSI5* zu Roum

© Fédération Luxembourgeoise des Sports Equestres
De Victor Bettendorf huet als leschte Reider vum Dag fir d'Decisioun gesuergt an domadder och d'Präisgeld vu 56.800 Euro gewonnen.
Zesumme mat sengem Päerd Doha de Riverland huet sech de Victor Bettendorf e Samschdeg déi 1. Plaz beim CSI5* Internationale Sprangconcours am Kader vun der LONGINES Global Champions Tour of Roma geholl.
No engem usprochsvolle Parcours war et fir 15 Reider mat hire Päerd an d'Stieche gaangen, wou d'Decisioun da fale sollt. Als Leschte vun deene 15 war de Victor Bettendorf an d'Arena ageridden an huet sech hei mat engem feelerfräie Ritt a staarke 34,74 Sekonnen d'Victoire an domat d'Präisgeld an Héicht vu 56.800 Euro geséchert. Bis kuerz viru Schluss war de Martin Fuchs mam L&L Lorde nach a Féierung, éier de Lëtzebuerger Reider sech de Succès nach krope konnt.