Norwegen bleift ouni Punkteverloscht, spéit Victoire fir Portugal

© Foto von HALIL SAGIRKAYA / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP
Duerch dräi Goler vum Erling Haaland huet Norwegen Israel mat 5:0 iwwerrannt a steet no sechs Matcher mat 18 Punkten un der Spëtzt, dat virun Italien.
E Samschdeg stoungen déi nächst Qualifikatiounsmatcher fir d'WM 2026 um Programm, nodeems et e Freideg fir fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp zu Sinsheim eng 0:4-Defaite géint Däitschland gouf.
Am Grupp E huet d'TierkeiBulgarien no ufängleche Schwieregkeete mat 6:1 deklasséiert, bleift an der Tabell awer weider hannert "La Roja". Spuenien huet nämlech och den drëtte Match ouni gréisser Problemer mat 2:0 géint Georgien gewonnen a bleift domadder weider Tabelleleader.
Am Grupp F huet Portugal duerch e spéide Gol vum Ruben Neves an der Nospillzäit en 1:0-Succès géint Irland gefeiert a bleift sou an der Tabell weider mat néng Punkten no dräi Matcher ouni Punkteverloscht un der Spëtzt. Hannendrun ass Ungarn no engem 2:0-Succès géint Armenien mat véier Punkten neien Zweeten.
Am Grupp I huet Norwegen duerch eng Gala-Virstellung vum Erling Haaland mat 5:0 géint Israel gewonnen a bleift domadder weider ouni Punkteverloscht mat 18 Punkten no sechs Matcher un der Tabellespëtzt. Den norwegesche Stiermer huet duerch säin Dräierpack elo schonn 51 Goler bannent 46 Matcher fir säin Heemechtsland geschoss. Hannert den Norweger steet Italien duerch en 3:1-Succès géint Estland mat 12 Punkten op der zweeter Plaz. D'Squadra Azzura huet awer nach ee Match manner um Kont.
Am Grupp K huet Albanien duerch en 1:0-Succès iwwer Serbien déi zweet Plaz gefestegt. Andorra konnt sech dann en 2:2 a Lettland an domat den éischte Punkt vun dëser Campagne erkämpfen. De Leader England hat an dësem Grupp spillfräi.
Grupp E
Spuenien - Georgien 2:0
1:0 Pino (24'), 2:0 Oyarzabal (64')
Bulgarien - Tierkei 1:6
0:1 Güler (11'), 1:1 Kirilov (13'), 1:2 Popov (49'), 1:3 Yildiz (51'), 1:4 Yildiz (56'), 1:5 Celik (65'), 1:6 Kahveci (90+3')
Grupp F
Portugal - Irland 1:0
1:0 Neves (90+1')
Ungarn - Armenien 2:0
1:0 Lukacs (56'), 2:0 Gruber (90+5')
Grupp I
Norwegen - Israel 5:0
1:0 Khalaili (18'), 2:0 Haaland (27'), 3:0 Nachmias (28'), 4:0 Haaland (63'), 5:0 Haaland (72')
Estland - Italien 1:3
0:1 Kean (4'), 0:2 Retegui (38'), 0:3 Esposito (74'), 1:3 Sappinen (76')
Grupp K
Lettland - Andorra 2:2
0:1 San Nicolás (33'), 1:1 Zelenkovs (41'), 2:1 Gutkovskis (55'), 2:2 Olivera (78')
Serbien - Albanien 0:1
0:1 Manaj (45+1')