Alex Kirsch a senger leschter Course fir Lidl-Trek

E Sonndeg steet am Vëlossport mat Paris-Tours eng vun de leschten Eendagescoursse vun der Saison um Programm.
Fir vill Coureure geet domat eng laang Saison op en Enn. Dat ass och de Fall fir den Alex Kisch, deen no 7 Joer bei Lidl-Trek och déi leschte Kéier fir seng Ekipp fiert. Zanter 2019 ass den Alex Kirsch fir déi amerikanesch Ekipp gefuer. E Sonndeg geet de Lëtzebuerger bei Paris-Tours eng leschte Kéier fir si un den Depart. Fir déi nächst 3 Joer huet den 33 Joer ale Cyclist e Kontrakt bei der franséischer Ekipp Cofidis ënnerschriwwen.
Paris-Tours louch dem Lëtzebuerger déi lescht Jore gutt. Dacks war hien an dëser spektakulärer Course aktiv an no un engem Topp-Resultat drun. Och wann den Alex Kirsch déi lescht Wochen a Méint wéineg Coursse gefuer ass, geet hien e Sonndeg motivéiert un den Depart. Tëscht Chartres an Tours sinn 211,6 Kilometer ze fueren. Besonnesch déi lescht 50 Kilometer duerch Wäibierger maachen de Parcours extrem interessant.
Zu de grousse Favoritten zielen déi zwee Belsch Arnaud de Lie a Jasper Philipsen, och de Britt Matthew Brennan dierft eng Roll spillen. Fir den Arnaud Démare, deen dës Courssen am Joer 2021 an 2022 konnt gewannen, geet e Sonndeg eng laang Karriär op en Enn. De 34 Joer ale Fransous hänkt de Vëlo un den Nol. Och Coureure wéi de Jonas Abrahamsen, den Anthony Turgis oder de Matteo Trentin kéinten am Fall vun enger offensiver Course gutt Chancen hunn.
Fir e Sonndeg dierft et op de Stroosse vu Paris-Tours dréche bléiwen. Wéi et bei de Pawee-Klassiker Ugangs der Saison wichteg ass, gëllt et och e Sonndeg fir am richtege Moment gutt positionéiert ze sinn an dee gudde Coup ze erwëschen.
Hei op RTL schléissen och mir d'Stroosse-Saison 2025 e Sonndeg of. Vu 15.30 Auer u kënnt Dir Live mat dobäi sinn.